Futtball-NationalspillerinD'Laura Miller iwwert de Wiessel bei de Standard an d'Belsch

Franky Hippert
D'Laura Miller war virun 3 Joer vu Jonglënster bei d'U-19 vum FC Metz gewiesselt. Vun do ass et bei d'Reserve vu Montpellier gaangen...
© RTL Archiv

Guy Hellers a Louis Pilot si Legenden um Standard. De Laurent Jans war d’lescht Saison dee leschte Lëtzebuerger Futtballspiller zu Léck. Elo wiesselt fir déi nei Spillzäit mam Laura Miller eng Damm aus dem Grand-Duché bei d’Rouches. De Franky Hippert huet bei der 19 Joer FLF-Nationalspillerin nogefrot, wéi et zu deem Wiessel koum.

D’Laura Miller geet bei de Standard - Rep. Franky Hippert

D’Nationalekipp ass ëmmer eng gutt Vitrinn, fir säi Kënnen ënner Beweis ze stellen, beim Laura Miller war dat viru ronn 2 Wochen de Fall: “De Trainer vum Standard war um Match vun der Nationalekipp géint d’Belsch.”

D’Laura Miller war virun 3 Joer vu Jonglënster bei d’U-19 vum FC Metz gewiesselt. Vun do ass et bei d’Reserve vu Montpellier gaangen. Do konnt déi haut 19 Joer al Kapitänin vun der Lëtzebuerger Nationalequipe och mat der 1. Ekipp mattrainéieren. Lo geet et also bei de Standard: “De Standard war net wierklech op meng Schierm. Ech hat éischter un Veräiner aus der zweeter Liga a Frankräich geduecht.”

Bei de Rouches geet den Training schonn an 2 Woche lass. Zu Léck kombinéiert d’Laura Miller da Sport a Studium: “Eis Preparatioun fänkt den 12. Juli un. Ab September fänken ech da mat menger Uni un, ech maachen e Sportstudium. Ech hu 5 mol d’Woch Training a Samschdeg 2 mol.”

D’Mëttelfeldspillerin weess, datt de Futtball an der Belsch zimmlech physesch ass: “Et gëtt vill investéiert. Et ass wéi an anere grousse Länner wou et 4-5 méi staark Clibb ginn. An der Belsch ass et zum Beispill Anderlecht.”

Mat 4 Joer hunn d’Rout Léiwin d’Léift fir de Futtball entdeckt: “Mäi Brudder hat opgehale Futtball ze spillen, dunn hunn ech seng Schong fonnt, an déi hu gepasst.”

De Standard vu Léck soll awer just eng Tëschestatioun an der nach jonker Karriär vum Laura Miller sinn: “Mäin Dram ass et eng Kéier beim FC Barcelona ze spillen. De Standard kann e gutt Sprangbriet sinn.”

Nieft dem Veräi mécht et natierlech och richteg Spaass an der Nationalequipe ze spillen, an do kann een an de leschte Méint eng interessant Progressioun ënnert dem FLF-Nationaltrainer Dan Santos feststellen: “Et gesäit een un de Resultater, 0-1 géint d’Belsch, 2-1 géint Liechtenstein. Et kommen och grouss Talenter aus der Jugend no, déi och elo an d’Ausland wiesselen.

Nom kuerzen Intermezzo vum Kapitän vun der FLF-Formatioun Laurent Jans beim Standard, kann een hoffen, datt d’Laura Miller méi laang hiert Gléck zu Léck fënnt. Déi 19 Joer jonk Lëtzebuerger Nationalspillerin huet bei de Rouches e Kontrakt vun enger Saison mat der Optioun op eng weider ënnerschriwwen.

A wien weess, vläicht bleift d’Laura Miller jo och 17 Joer um Standard...Esou laang hat de Guy Hellers, dee jo eng Legend zu Léck ass, nämlech den Trikot vun de Rouches un.

Futtball: D’Laura Miller wiesselt bei de Standard vu Leck

Back to Top
CIM LOGO