Nationale BasketD'Musel Pikes spillen och d'nächst Saison an der LBBL

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend huet sech d'Ekipp vun der Musel mat 79:68 géint de Racing duerchgesat.
© AFP (Archiv)

E Freideg den Owend stoung an der LBBL ee Match am Playdown vun den Hären um Programm. D’Musel Pikes hu sech mat 79:68 (12:22, 23:15, 17:21, 27:10) géint de Racing duerchgesat an domadder spille si d’nächst Saison weiderhin an der héchster Divisioun vum Basketchampionnat.

De Racing louch an der Paus mat 37:35 a Féierung an och an de leschte Véierel huet ee beim Score vun 58:52 een Avantage mat erageholl. Um Enn konnt een deen awer net bis zum Schluss halen. D’Pikes si mat engem 16:0 an de véierte Véierel gestart a konnten doduerch de Match dréinen.

Back to Top
CIM LOGO