Georgien géint LëtzebuergD'Nervositéit zu Tiflis klëmmt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg um 18 Auer Lëtzebuerger Zäit ass dee warscheinlech wichtegste Match an der Geschicht vum Lëtzebuerger Futtball.
© Arnaud Serexhe

D’Halleffinall vum Playoff gëtt dann ugepaff tëscht Georgien an der Lëtzebuerger Nationalekipp. Lues a lues fänken d’Supporter vun de Roude Léiwen un ze realiséieren, wat um Spill steet an deementspriechend klëmmt och d’Nervositéit.

Ronn 400 Supporter vun de Roude Léiwe si schonn zu Tiflis ukomm oder sinn drop an drun ze landen an der georgescher Haaptstad, wou ronn eng Millioun Leit liewen. Allgemeng sinn d’Temperaturen de Moment ongeféier wéi zu Lëtzebuerg.

De Paul Philipp, President vun der FLF, ass bestëmmt ee vun de gréisste Supporter. Hien huet ausser den Dag vun der Hirees net vill Kontakt mat de Spiller. Hie probéiert, sech ofzelenken, fir net nervös ze sinn.

Muer hu mir verschidden Obligatiounen, déi ëmmer sinn an déi net esou flott sinn. Dat heescht mat hirer Federatioun zesummenzekommen. Et kommen och Leit vun der UEFA, déi gewéinlech net op normal Matcher kommen, déi hei wäerten optauchen, fir mat hinnen ze schwätzen. Dat lenkt e bëssen of, mee dach huet een awer am Hannerkapp dat, firwat ee komm ass an zwar de Match géint Georgien.

De Responsabele fir den Arbitrage bei der Futtballfederatioun a Vizepresident Charles Schaack ass nieft senge Funktioune bei der FLF dës Deeg virun allem grousse Fervent vun de Roude Léiwen.

“Ech ginn esou laang ech mech erënnere kann d’Nationalekipp kucken, besonnesch méi intensiv zanter deene Joren, wou ech am Virstand sinn. Ech mengen, dat heiten ass e Moment, wou mir nach ni haten. Et ass eng grouss Freed. Ech denken da kënnt d’Uspanung. Déi gëtt ëmmer méi grouss an da kënnt eng gewëssen Nervositéit, e Bauchgefill, dat ech emol esou kannt hat, wéi ech grouss Matcher gepaff hat. Ech mengen, dat wäert an den nächste Stonnen ëmmer méi staark ginn.”

De Charles Schaack a seng Kolleege vun der FLF sinn déi lescht Deeg a Wochen zweeschinnesch gefuer an hu sech musse preparéieren, wéi wa Lëtzebuerg fir d’EM qualifizéiert wier. Och fir den nächsten Dënschdeg sinn déi 2 Zenarioe prett: Entweder eng Finall ze spillen oder e Frëndschaftsmatch.

Back to Top
CIM LOGO