
Bei der Descente zu Bormio gouf et eng Victoire vum Lokalmatador Dominik Paris. Den Italiener wënnt op der Stelvio mat 24 Honnertstel Avance op de Marc Odermatt, deen am Gesamtweltcup nach ëmmer op der éischter Plaz steet. Déi drëtte Plaz war fir e weidere Schwäizer, den Niels Hintermann, deen e Retard vun 80 Honnertstel hat.
Bei den Damme war dann nach zu Lienz de Riseslalom, dat awer ouni d’Michaela Shiffrin. Déi éischt am Gesamtweltcup feelt, well si positiv op de Coronavirus getest gouf. Nom éischte Laf louch d’Tessa Worley aus Frankräich op der éischter Plaz, dat mat 12 Honnertstel Avance op d’Sara Hector aus Schweden. Op der drëtter Plaz louch d’Ragnhild Mowinckel aus Norwegen. Déi éischt 11 Athletinne louche bannent enger Sekonn. Am zweete Laf konnt d’Tessa Worley hir Spëtzepositioun verdeedegen an esou hir 15. Victoire an hirer Karriär feieren. D’Petra Vlhova ass nach op déi zweet Plaz gefuer. De Podium gouf komplettéiert vum Sara Hector.