
Union Berlin - Darmstadt 1:0
1:0 Hollerbach (62')
Union Berlin huet sech vun der Absence vum Trainer Bjelica net veronséchert gewisen an huet vun Ufank un op déi dräi Punkte gedréckt. Trotz enger Partie Occasiounen sollt de Ball de Wee an de Gol net bis an déi 62. Minutt fannen, an där den Hollerbach seng Faarwen no engem Konter a Féierung brénge konnt. Duerno hat Darmstadt nach Chancen op den Ausgläich, huet déi awer net genotzt a bleift domat Tabelleleschten.
Borussia Dortmund - VfL Bochum 3:1
1:0 Füllkrug (6', Eelefmeter), 1:1 Schlotterbeck (45', Eelefmeter), 2:1 Füllkrug (72'), 3:1 Füllkrug (90+1', Eelefmeter)
De BVB konnt scho fréi per Eelefmeter a Féierung goen, huet et awer du verpasst fir op en zweete Gol ze drécken. Bochum ass besser an d’Partie komm a konnt duerch ee Malentendu an der Dortmunder Defense kuerz virun der Paus ausgläichen. Dem BVB ass offensiv net vill agefall an et huet ee sech schwéier gedoe fir Chancen ze kreéieren. An der 72. Minutt war et nees de Füllkrug, deen den 2:1 fir Schwaarz-Giel mam Kapp markéiere konnt. Hie war et och, dee mat sengem zweeten Eelefmeter kuerz viru Schluss den Deckel dropmaache konnt, woumat de BVB op Plaz 4 klëmmt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Liverpool - Norwich City 5:2
1:0 Jones (16'), 1:1 Gibson (22'), 2:1 Nuñez (28'), 3:1 Jota (53'), 4:1 van Dijk (63'), 4:2 Sainz (69'), 5:2 Gravenberch (90+5')
Fir déi éischt Partie zanter der Ukënnegung vu sengem Récktrëtt huet de Jürgen Klopp seng Ekipp gutt agestallt. D’"Reds” hate keng Problemer mat Norwich City an hätte souguer nach kéinte méi héich géint den Zweetligist gewannen. Liverpool zitt domat souverän an d’Aachtelsfinall vum englesche Pokal an.
Newport County - Manchester United 2:4
0:1 Fernandes (7'), 0:2 Mainoo (13'), 1:2 Morris (36'), 2:2 Evans (47'), 2:3 Antony (68'), 2:4 Hojlund (90+4')
CFC Genoa - US Lecce 2:1
0:1 Krstovic (31'), 1:1 Retegui (70'), 2:1 Ekuban (76')
Lazio Roum - SSC Neapel 0:0
An enger Partie, an där béid Ekippen offensiv ouni hir Starspiller hu missen auskommen, huet sech den Zuschauer am Stadio Olimpico alles anescht wéi en Offensivspektakel gebueden. Béid Formatioune hu kaum geféierlech virun de Gol fonnt oder de géigneresche Golkipp getest, soudass d’Partie mat engem verdéngte 0:0-Remis op en Enn gaangen ass, dat an der Tabell kengem Veräin weiderhëlleft.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
HSC Montpellier - OSC Lille 0:0
An engem intensive Match war Lille no der rouder Kaart fir de Bouaddi eng ganz Hallschent an Ënnerzuel, ma Montpellier konnt dat awer net ausnotzen. D’Lokalekipp war virun der Paus souguer déi méi geféierlech Ekipp, konnt allerdéngs am zweeten Duerchgang net un déi Leeschtung uknäppen. Béid Ekippen trenne sech sou mat engem gerechte Remis, woumat Lille et verpasst fir u Plaz 3 opzeschléissen.
Stade Reims - FC Nantes 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Celta Vigo - FC Girona 0:1
0:1 Portu (20')
Och Celta Vigo ka Girona net stoppen an d’Katalane setzen sech um Enn verdéngt zu Vigo duerch. D’Iwwerraschungsekipp vun der Saison spréngt mat dësen 3 Punkten nees un d’Tabellespëtzt, dat allerdéngs mat engem Match méi wéi den Tabellenzweete Real Madrid.
FC Cadiz - Athletic Bilbao 0:0