
Fir sech fir d’Finall ze qualifizéieren, hunn d’Triathleten an d’Triathletinne missten ënnert déi néng éischt vun der Serie kommen oder ee vun den dräi beschte Chronoe vun den net direkt Qualifizéierten aus den dräi Serië realiséieren.
D’Mara Krombach gouf 8. a senger Serie, den David Lang 6. an d’Gwen Nothum huet sech iwwert de Chrono fir d’Finall qualifizéiert.
Allen dräi sinn nach Cadets respektiv Cadettes a si bei de Junioren respektiv de Juniorinnen deemno an enger Kategorie méi héich ugetrueden.
Si hu sech domadder och fir d’Junior-WM qualifizéiert. Den Aurélien Carré huet sech fir d’B-Finall qualifizéiert.
Pech an Enttäuschung gouf et iwwerdeems fir d’Eva Daniëls. D’Triathletin louch un 4. Positioun an der Vëloscourse an der Halleffinall vun der U23-Kompetitioun, wéi eng Konkurrentin hir an d’viischt Rad gefuer ass. Sechs Speechele goufen duerch dës Kollusioun gebrach. D’Eva Daniels huet missten opginn. D’Reklamatioun vum Nationaltrainer Cyrille Eple, beim Chef-Arbitter, huet näischt gedéngt. De Lucas Cambrésy huet sech fir d’B-Final qualifizéiert.