ATP-Finals am TennisDramfinall zu Turin mat Sinner géint Alcaraz

RTL Lëtzebuerg
Bei den ATP-Finals am Tennis zu Turin heescht d'Finall Jannik Sinner géint Carlos Alcaraz. 
© AFP Symbolbild

Den Italiener Sinner huet an der Halleffinall an zwee Sätz 7-5 an 6-2 géint den Australier Alex de Minaur gewonnen. Op der anerer Säit huet sech de Spuenier Alcaraz an 2 Sätz 6-2, 6-4 géint de Felix Auger-Aliassime aus Kanada duerchgesat.

D’Finall zu Turin ass e Sonndeg den Owend um 18 Auer.

Back to Top
CIM LOGO