BasketD'Sparta Bartreng packt et nach an den Titelgrupp

RTL Lëtzebuerg
D'Musel Pikes hu géint d'Amicale verluer a mussen an de Playdown. Bei den Dammen huet sech d'Etzella Ettelbréck déi leschte Plaz am Titelgrupp geséchert.
Amicale Steesel - Musel Pikes
D’Amicale Steesel setzt sech knapps mat 78:76 géint d’Musel Pikes duerch. Déi mussen dowéinst elo am Play-down spillen.

Um leschte Spilldag vun der Qualifikatiounsronn an der Total League ass et um Samschdeg bei den Hären nach ëm déi 6. Plaz am Titelgrupp gaangen. An hei war et bis déi lescht Sekonn ganz spannend. Um Enn konnt sech d’Sparta Bartreng dës Plaz sécheren. Si hunn hire Match géint den T71 Diddeleng mat 85:70 gewonnen an hunn dovunner profitéiert, datt d’Musel Pikes hire géint den aktuelle Champion Steesel ganz knapp mat 76:78 verluer hunn.

Bartreng - Diddeleng
D’Famill Arendt ass mat der Sparta déif verbonnen a mam Philippe elo schonn an der 3. Generatioun vertrueden. E Samschdeg hat een all Grond ze feieren.

Grouss Freed bei der Sparta Bartreng
Grouss Freed bei der Sparta Bartreng
© Shari Shenten / RTL Radio Lëtzebuerg

D’Musel Pikes hu bis déi lescht Sekonne gekämpft. No engem gudden 1. Véierel an deem ee mat 21:17 a Féierung loung, huet een an den zweeten 10 Minutte Steesel misse laanschtzéie loossen. D’Lokalekipp huet de Réckstand awer kleng gehalen an ass dru bliwwen an der zweeter Hallschent. Kuerz virum Enn vum Match ass et du richteg spannend ginn. D’Pikes waren nämlech um Champion drun an haten d’Chance, de Match nach eng Kéier ze dréinen. Um Enn sollt et awer ganz knapp net duergoen, sou datt Steesel no ganz spannende leschte Sekonne mat 78:76 gewonnen huet an d’Pikes domadder an de Playdown geschéckt huet. Déi Miseler haten um Samschdeg och mat den Arbitteren ze kämpfen, déi net ëmmer esou glécklech gepaff hunn. D’Sparta dogéint hat de Match géint den T71 Diddeleng am Grëff. Och wann den T71 zum Schluss nees no drukommen ass, huet een um Enn verdéngt gewonnen.

Amicale Steesel - Musel Pikes
D’Amicale Steesel setzt sech knapps mat 78:76 géint d’Musel Pikes duerch. Déi mussen dowéinst elo am Play-down spillen.

D’Etzella als Tabelleleader, de Basket Esch, den T71 Diddeleng, den Titelverdeedeger Amicale Steesel an de Racing hate sech scho virum 18. Spilldag den Ticket fir den Titelgrupp geséchert.

An der National II huet sech den Telstar Hesper déi 4. Plaz am Playdown geséchert. Hei sinn domadder folgend Ekippe vertrueden: Musel Pikes, Arantia Fiels, Kordall Steelers a Résidence Walfer aus der Total League a Contern, Zolwer, Hiefenech an Hesper aus der National II.

Bei den Damme war virum leschte Spilldag och nach net kloer wien et nieft dem T71 Diddeleng, der Amicale Steesel, dem AB Contern, de Musel Pikes an dem Gréngewald an den Titelgrupp géing packen. Mam Basket Esch an der Etzella hunn nach zwou Ekippen ëm dee leschten Ticket gespillt. D’Etzella hat et net selwer an der Hand an huet bei enger Victoire op eng Defaite vum Basket Esch missen hoffen. Um Enn ass et genee esou komm. Déi Ettelbréckerinnen hu mat 85:72 géint den AB Contern gewonnen an de Basket Esch huet mat 75:83 beim Gréngewald verluer. Domadder spillt d’Etzella ëm den Titel.

Den Iwwerbléck vun de Resultater am Härebasket

Musel Pikes - Amicale Steesel 76:78 (21:17, 17:26, 20:21, 18:14)

Sparta Bartreng - T71 Diddeleng 85:70 (27:16, 16:16, 16:19, 26:19)

Kordall Steelers - Basket Esch 78:93 (25.21, 16:26, 17:25, 20:21)

Etzella - Racing 93:83 (30:8, 21:25, 20:24, 22:26)

Résidence Walfer - Arantia Fiels 88:89 (21:28, 27:26, 19:18)

LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-BasketLINK: Den Iwwerbléck vun der Nationale 2

Den Iwwerbléck vun de Resultater am Dammebasket

Sparta Bartreng - T71 Diddeleng 63:84 (17.13, 14:21, 16:19, 16:31)

Gréngewald - Basket Esch 83:75 (22:13, 28:21, 16:21, 17:20)

Etzella Ettelbréck - AB Contern 85:72 (26:23, 14:17, 23:21, 22:11)

Musel Pikes - Amicale Steesel 70:79 (17:16, 22:23, 15:11, 16:29)

Résidence Walfer - Wolz 103:81 (19:23, 32:24, 27:21, 25:13)

LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Basket

FOTOGALERIE: Andreck vum Maya a Robert Straus

Back to Top
CIM LOGO