SEAT LeagueD'Spora an d'Schéiss bei den Dammen an Hären an der Finall

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg war de 7. Spilldag vun der SEAT League, dem Interclub-Championnat am nationalen Tennis bei den Dammen an den Hären.
D'Partie Schéiss géint Stengefort
D’Partie Schéiss géint Stengefort
© FLT

Um 7. Spilldag vun der SEAT League, dem Interclub-Championnat am nationalen Tennis, konnte sech bei den Hären d’Spora géint den Houwald, d’Schéiss géint Péiteng, Schëffleng géint Conter an Esch géint Cap on Line duerchsetzen.

Bei den Damme goufen et Victoirë fir d‘Spora géint Péiteng, d’Schéiss géint Stengefort, Gréiwemaacher géint den Houwald a Bouneweg géint Jonglënster.

Domat hu sech bei den Hären an den Dammen d‘Spora an d’Schéiss fir d’Finall qualifizéiert. D’Finalle ginn den nächste Samschdeg (6. Juli) beim TC Esch gespillt.

Am offizielle Schreiwes vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun fannt Dir de komplette Spillplang.

D’Resultater vun den Hären am Iwwerbléck
D’Resultater vun den Dammen am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO