SEAT LeagueD'Spora steet am Klassement bei den Hären an Dammen op der 1. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg war de 5. Spilldag vun der SEAT League, dem Interclub-Championnat am nationalen Tennis bei den Dammen an den Hären.
© Facebook.com / Tennis Spora

Bei den Häre konnte sech Schëffleng géint Esch, Spora géint Arquebusiers, Houwald géint Péiteng a Cap on Line géint Conter duerchsetzen.

Bei den Damme goufen et kloer Victoire fir Péiteng géint Gréiwemaacher, Spora géint Houwald an Arquebusiers géint Bouneweg. De Match Stengefort géint Jonglënster ass 4:4 ausgaangen.

D’Spora leit am Klassement souwuel bei den Häre wéi och bei den Damme vir.

Am offizielle Schreiwes vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun fannt Dir de komplette Spillplang.

© FLT

D’Resultater vun den Hären am Iwwerbléck
D’Resultater vun den Dammen am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO