
1988 huet d’Steffi Graf déi perfekt Saison gespillt. Bis an d’Finall vun de US Open hat déi 19 Joer al Brühlerin réischt ee Saz ofginn am ganze Joer - an der Finall zu Wimbledon géint d’Martina Navratilova. Bei de French Open hat d’Graf an 32 Minutte mat zweemol 6:0 kuerze Prozess gemaach mat der Russin Natalia Zvereva.
Mat der Argentinierin Gabriela Sabatini hat d’Steffi Graf an der Finall zu Flushing Meadows méi Krämpes. An dräi Sätz konnt si sech um Enn duerchsetzen, an als réischt fënneft Persoun am Profitennis de “Grand Slam” feieren - de Gewënn vun den Australian Open, vun de French Open, vun de Wimbledon Championships a vun de US Open. Mee dat sollt nach net alles sinn.

Ze midd fir Olympia?
Déi däitsch Tennisspillerin hat zougesot, fir zu Seoul bei den Olympesche Summerspiller unzetrieden. 4 Joer virdrun hat si scho bei Olympia zu Los Angeles gewonnen. Do war et awer nach en U21-Demonstratiounstournoi, bei deem keng Medaile verdeelt gi waren. Well a Südkorea de Spektakel ëm hir Persoun am Duerf vun den Athleten ze grouss gëtt, muss si an en Hotel plënneren. De Stress vun de leschte Wochen huet sech bemierkbar gemaach. Midd an net wierklech motivéiert, kënnt si ugangs nach relativ einfach duerch déi éischt Matcher. An der Véierelsfinall géint d’Laryssa Sawtschenko aus der Sowjetunioun läit déi Däitsch awer am entscheedenden drëtte Saz 1:3 hannen. Dee Moment dréint sech d’Middegkeet an nei Motivatioun. D’Graf huet der Sawtschenko kee Punkt méi zougestanen an d’Halleffinall géint d’Amerikanerin Zina Garrison sollt zur Formalitéit ginn.
Eenzegaarteg Leeschtung
Den 1. Oktober waart d’Gabriela Sabatini an der Finall. D’Argentinierin hat sech an der 88er-Saison zur neier Konkurrentin gemausert, mee anescht wéi bei de US Open, wou et tëscht deenen zwee iwwer dräi Sätz gaange war, gëtt d’Olympesch Finall eng kloer Affär fir däi Däitsch, déi elo rëm op der Héicht vun hirem Spill ass. Mat zweemol 6:3 gewënnt d’Steffi Graf d’Goldmedail fir Däitschland. Gläichzäiteg ass et en eemolegt Ereegnis: aus dem “Grand Slam” gëtt de “Golden Slam”.
Och d’Steffi Graf ass net perfekt
Ganz perfekt wäert d’Saison vum Steffi Graf iwwregens net op en Enn goen. An der Finall vun de WTA Championships wäert si am November géint d’Amerikanerin Pam Shriver verléieren. Trotzdeem gëtt si zur Weltsportlerin vum Joer gewielt, den Éierebierger an hirer Heemecht Brühl hëlt si am Laanschtgoe mat. Dës eenzegaarteg Saison sollt sech bis haut net widderhuelen. Kéint ee mengen. Vun de Medie bal net beuecht, konnt d’Hollännerin Diede de Groot 2021 am Rollstulltennis awer och de “Golden Slam” gewannen.