
D’Halleffinall vum Playoff tëscht Georgien an der Lëtzebuerger Nationalekipp gëtt dann ugepaff. Et gouf sech wochelaang op dësen Evenement mental agestallt an elo steet e virun der Dier.
Ob ee scho laang d’Nationalekipp suivéiert oder eréischt kuerz Supporter vun de Roude Léiwen ass, ass et net ze verneinen, datt dat, wat eis an den nächste Stonnen erwaart, eemoleg ass an der Lëtzebuerger Futtballgeschicht.
De Press officer vun der Nationalekipp Marc Diederich kann dës Deeg nëmme genéissen. Zanter 23 Joer ass hie schonns dobäi an eigentlech hat hien net erwaart, dass een eemol an dës Situatioun kënnt, dass een esou no drun ass, sech fir eng EM ze qualifizéieren.
Wat d’FLF schonn e bëssen houfreg mécht, ass, datt et schéngt, wéi wann de Fonken eriwwer gesprongen ass bei den individuelle Supporter oder bei d’Clibb.
Ronn 400 Lëtzebuerger Supporter ginn hei zu Tiflis erwaart. Verschiddener sinn als Grupp organiséiert wéi den M-Block Fanatics 95, anerer kommen éischter individuell. Jiddereen huet säi beschte Wee an Timing gesicht, fir d’Rout Léiwen ufeieren ze kommen.
De Bob Gebele oder “Capo”, wéi en och am M-Block genannt gëtt, probéiert, fir en Donneschdeg den Tifo um risege Stadion hei zu Tiflis ze organiséieren. D’Organisatioun vun der Rees war schonn net evident. Elo geet et drëms, sech gutt fir en Donneschdeg opzestellen. Och de Marc Goeders ass e ganz engagéierte Fan vun der FLF-Selektioun an dat net zanter gëschter. Säin éischte Match, wou hie mat an d’Ausland gaangen ass, war virun 10 Joer.
Wann een e Mëttwoch duerch d’Stroosse vun Tiflis getrëppelt ass, huet ee vun Zäit zu Zäit Lëtzebuerger Fans gesinn. Déi georgesch Supporter wäerte sech laut Aussoe vum Fan Mamuka Kerechashvili en Donneschdeg virum Match gesinn an dann awer en masse an de Stadion goen, well dëse wäert mat ronn 54.000 Supporter gefëllt sinn.
A manner wéi 24 Stonnen ass et esou wäit, well dann ass de Match lancéiert. Wann d’Rout Léiwe gewannen, da sinn nächsten Dënschdeg déi 2.586 km2 vum Lëtzebuerger Territoire definitiv ze kleng.