"ITF World Tour"-Turnéier zu EschDuo Calzi/Raynel séchert sech d'Victoire am Hären Dubbel

RTL Lëtzebuerg
Wärend d'Finallen am Eenzel e Sonndeg gespillt ginn, waren e Samschdeg d'Finallen am Doubel.

Um “ITF World Tour"-Turnéier um Escher Gaalgebierg ginn e Samschdeg d’Halleffinallen am Hären Eenzel gespillt. Mat dobäi ass och de Lëtzebuerger Chris Rodesch. Hie krit et ëm 16:15 Auer mam Spuenier Pol Martin Tiffon ze dinn.

Donieft gouf haut awer schonn d’Finall am Hären Doubel gespillt.De Lëtzebuerger Raphael Calzi konnt sech mat sengem franséische Partner Amaury Raynel an dräi Sätz 4:6, 6:1 an 10:6 géint den däitschen Duo Hartig – Sobbe behaapten.

Back to Top
CIM LOGO