
D’Vanessa Tarantini soll nei Coordinatrice générale am Sportministère ginn a soll domat de Laurent Deville als héchsten Beamten do ersetzen. Dee soll sengersäits eriwwer an de Travail wiesselen. An deenen zwee Ministèren ass jo de Georges Engel den zoustännege Minister.
Domat géif sech eis Informatioun vun Ufank August confirméieren, datt de Laurent Deville säi Mandat als Premier Conseiller de Gouvernement am Sport net verlängert kréich.
D’Vanessa Tarantini, déi Economie studéiert huet, war virdrun ënnert anerem am Wirtschafts -an am Ausseministère. Si ass dunn iwwert d’LSAP-Fraktioun, mam Georges Engel, wéi dee Minister ginn ass, nees an d’Fonction publique zeréckgewiesselt.