
Op der Handball-Weltmeeschterschaft vun den Hären, déi den Ament an Ägypten am Gaang ass, stinn d’Véierelsfinalle fest.
Dänemark kritt et do mat Ägypten ze dinn, Spuenien mat Norwegen, Frankräich mat Ungarn a Schweden mam Katar.
Déi 4 Partië sinn e Mëttwoch den Owend.