Lëtzebuerg-GeorgienE bëssen EM-Feeling op de Public-Viewingen zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Rout Léiwen hunn d'Chance, fir mat zwou Victoirë sech fir d'Europameeschterschaft an Däitschland ze qualifizéieren.

Dofir musse si awer en Donneschdeg den Owend a Georgien gewannen an am Match den nächsten Dënschdeg heiheem am Stade de Luxembourg géint de Gewënner vu Griichenland/Kazachstan bestoen.

Public Viewing zu Miersch - Reportage Diana Hoffmann

Obwuel just e puer Honnert Lëtzebuerger mat op d’Auswäertsrees gaange sinn, hu sech d’Fans vun de Roude Léiwen awer hei am Grand-Duché op ville Plaze getraff, fir dës historesch wichteg Partie zesummen ze kucken.

Reaktioune vum Public-Viewing
Wéi gesinn d’Fans vun der FLF-Formatioun dës “Zweet Chance” vun de roude Léiwen, fir sech fir d’EM ze qualifizéieren?

Mir ware mat de Kameraen a Fotoapparater um Knuedler an zu Käerjeng dobäi, wou d’Supporter vun der FLF-Formatioun sech getraff hunn.

Impressioune vun de Public-Viewingen
Op ville Plazen am Land hate sech d’Fans vun der FLF getraff, fir de Match géint Georgien ze kucken.

Back to Top
CIM LOGO