EM-Qualifikatiounsmatch am FuttballE Freideg den Owend gëtt et eescht géint Island

RTL Lëtzebuerg
E Freideg ass 20.45 Auer dee wichtegen EM-Qualifikatiounsmatch géint Island. En Donneschdeg waren zu Reykjavik d'Pressekonferenz an den Training.
© Serge Olmo / RTL

Eng schlecht Noriicht gouf et am Kontext Yvandro Borges, deen net nëmme géint Island muss pausen, mee hie wäert 4 bis 6 Wochen feelen, well hien e klengen Muskelfaserrëss huet an hien huet och e Problem mat enger Seen. Dem Laurent Jans säin Zoustand ass zefriddestellend a beim Maxime Chanot gëtt e klengen Problem am Adukteurenberäich, mee näischt wat beonrouegt.

Lëtzebuerg géint Island / Rep. Serge Olmo

Déi verschidde Elementer mat wéineg Spillpraxis wéi zum Beispill de Mathias Olesen oder de Gerson Rodrigues maachen dem Nationaltrainer eng gutt Impressioun. Wat dem Luc Holtz allerdéngs ferm Kappzerbrieches mécht, sinn Meteoskonditiounen zu Reykjavik. E Freideg den Owend sollen et 0 Grad ginn. Wéinst dem ville Wand soll sech dat uspieren, wéi wann et Minus 6 Grad wieren. De Luc Holtz:

“Dat konditionéiert doudsécher de Match. Wann déi Loft wéi haut do ass, dann ass et natierlech ee Faktor, mat deem mir musse plangen. Wéis du wëlls verdeedegen, wéis de wëlls ugräifen, ech denke schonn, datt dat de Match wäert doudsécher impaktéieren an deementspriechend musse mer eis drop preparéieren. Egal wéi - d’Mentalitéit vun de Spiller ass entscheedend.”

De Lars Gerson war en Donneschdeg mat op der Pressekonferenz. Hie kéint e Freideg an der Defense agesat ginn, well hien dee Spiller ass, deen am Beschten mat esou Wieder- an Terrainskonditiounen wäert eens ginn. Donieft kennt hien och verschidde islännesch Spiller zimmlech genee.

“Jo, heiansdo spille mer esou an Norwegen zemools am am Westen, wou et dacks esou wéi haut ass hei ass a wat ee ka soen, ass, datt wann esou Wand ass wéi haut, datt et zwee verschidden Hallschente wäert ginn, wann e géint de Wand spillt an wann e mam mam Wand spillt an dat gëtt vläicht eng gutt Hallschent an eng e bësse manner gutt.”

De Lars Gerson ass ee vun de fënnef Spiller, déi sech e Freideg keng giel Kaart dierfen erlaben. Dat ass eng weider Problematik, déi de Luc Holtz ganz vill beschäftegt.

Wéi gewinnt kënnt Dir den Owend bei eis d’Partie um RTL 2 suivéieren, um Radio an am Livestream.

Back to Top
CIM LOGO