PK virum Match géint LiechtensteinE. Mahmutovic positiv op Covid getest: "Schwéier ze verstoen" esou de Luc Holtz

RTL Lëtzebuerg
De Profi vu Lviv war schonn an der Ukrain virun 3 Woche positiv getest ginn, den zweeten Test war dorops negativ.

Virum Frëndschaftslännermatch e Mëttwoch den Owend um 20.15 Auer am Stade Josy Barthel géint Liechtenstein, hat déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp hir traditionell Pressekonferenz virun der Partie.

De Luc Holtz virum Match géint Liechtenstein

Den Enes Mahmutovic gouf positiv op de Covid getest, an ass net méi am Grupp dobäi. Wat fir de Nationaltrainer Luc Holtz awer nëmme schwéier ze verstoen ass, ass de Fakt, datt de Profi vu Lviv och scho virun 3 Wochen an der Ukrain positiv getest gouf, duerno, e puer Deeg drop, negativ war, an lo nees positiv soll sinn. De Christopher Martins ass och net op Lëtzebuerg komm, well hien déi nächst 15-20 Deeg, duerch seng Problemer mat den Adducteuren, eng Paus muss maachen. De Spiller vun de Young Boys Bern bleift an der Schwäiz.

Am Match géint Liechtenstein wëll de Nationaltrainer eng Rei Spiller gesinn, déi bis elo nach net esou vill Spillzäit bei de Roude Léiwen haten. Et wäert e Mix ginn, aus deene Spiller, déi e Samschdeg géint Zypern ufänken, an déi, déi de Luc Holtz wëll gesinn.

Wat dem Nationaltrainer wichteg ass, ass, datt seng Ekipp sech Golchancen erausspillt. Natierlech wëll de Luc Holtz géint Liechtenstein gewannen, et kann een awer net vun enger Revanche schwätzen, fir d'0:4 Blamage vu viru 16 Joer.

De Laurent Jans war och op der Pressekonferenz dobäi, an huet gesot, wéi frou hien ass, datt den Transfert bei de Standard geklappt huet, an datt hien houfreg ass, elo den Trikot vun de Rouches unzedoen. Lo gëllt et sech awer an de nächsten Deeg voll op d’Nationalekipp ze konzentréieren, esou de Kapitän vun de Roude Léiwen.

Back to Top
CIM LOGO