VIDEOE super flotte Fallrückzieher vum MD7

RTL Lëtzebuerg
An de Lalux-Indoor-Finallen ass dem 9 Joer alen Diego Milillo vum Racing Lëtzebuerg en herrleche Gol gelongen.

De Video huet antëscht schonn den Tour op de soziale Medie gemaach a mir wëllen Iech en natierlech net virenthalen. En ass och um offizielle Site vun der FLF op Facebook ze kucken ... an ze genéissen. An elo och hei op RTL.lu.

Geschoss gouf en, wéi geschriwwen, an de Finalle vum Lalux-Indoor-Cup, un deem déi sechs bescht U9-Ekippen deelgeholl hunn.

Dem Diego Milillo - genannt MD7 - vum Racing ass säi Fallrückzieher am Match géint d’Fola gelongen.

De Racing huet den Tournoi um Enn och gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO