
De Futtballspiller hat 2020 een Autosaccident, deen och ee groussen Impakt op seng Karriär hat. Mam Jeff Kettenmeyer huet de Stiermer iwwert de laange Wee zeréck op de Futtballsterrain geschwat, wéi hien sech vu verschidde Réckschléi net ënnerkréie gelooss huet a wéi wichteg et fir hien ass, zu Nidderkuer elo nees Fouss ze faassen a méi Spillzäit ze kréien.
Donieft geet et awer mam laangjäregen Nationalspiller och ëm d‘Chancë vun der FLF-Formatioun fir op der EM an Däitschland dobäi ze sinn an hie kuckt op déi gréisste Matcher vu senger eegener Karriär zeréck.
De komplette Podcast mam Dave Turpel fannt Dir op RTL Play.
Den Dave Turpel ass dës Woch Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
De ganze Podcast fannt Dir op RTL Play.
