Um Donneschdeg war et d’Nouvelle vum Doud vum Pelé.
De Pelé huet Generatioune vu Futtballfans gepräägt. Et gëtt wuel keen, dee sech fir Futtball interesséiert, deen net schonns eng Kéier iwwer de Pelé geschwat huet. Dobäi hunn déi meescht de Pelé ni gesi spillen. Anescht wéi dat haut ass, huet hien de Veräin net dacks gewiesselt. Deemools waren och nach net esouvill Suen am Spill, wéi dat haut de Fall ass.
A senger iwwer zwanzeg Joer laanger Karriär, huet hie just fir 2 Veräiner gespillt. Den FC Santos, mat deem hien a 17 Joer net manner wéi 26 national an international Titel konnt gewannen an um Enn vun der Karriär nach bei Cosmos New York. Fir déi brasilianesch Nationalekipp stoung hie vu 16 Joer un um Terrain a konnt an 92 Matcher ganzer 77 Goler markéieren. Bei der leschter WM konnt säi Compatriote Neymar dee Rekord egaléieren.

Nieft sengen 3 Weltmeeschter Titel, ginn am Pelé sengem Palmarès och dacks seng iwwer 1.300 Goler ernimmt, déi hien am Ganze geschoss huet.

No senger aktiver Karriär war de Pelé och nach Sportminister a Brasilien.
Déi lescht Zäit hat sech dem Pelé säi Gesondheetszoustand verschlechtert. Am September 2021 gouf en Tumor am Déckdaarm vum Brasilianer fonnt. Déi leschten Deeg haten Dokteren aus dem Albert Einstein Spidol vu Sao Paulo gemellt, datt de Pelé mat Häerz an Nieren Problemer ze kämpfen hätt an de Kriibs de Kierper ëmmer weider géif schwächen, nodeems Therapien net méi ugeschloen hunn.
Antëscht huet och déi Lëtzebuerger Futtballwelt op dem Pelé säin Doud reagéiert. Den FLF-President Paul Philipp erkläert sech de Mythos “Pelé” duerch seng exzeptionell sportlech Leeschtungen an awer och seng brasilianesch Originnen. Hie selwer huet de Weltstar am Kader vun der FIFA begéint. De Brasilianer war deemools als Ambassadeur vum Weltfuttball-Verband ënnerwee. An engem Restaurant koume béid Männer an d’Gespréich.
Fir de Lëtzebuerger Nationaltrainer Luc Holtz war de Pelé dee beschte Futtballspiller vun allen Zäiten. Un hien, deen aus engem Aarmevéierel aus Brasilien komm ass a mat 17 Joer fir d’éischte Kéier Weltmeeschter gouf, géifen och kee Maradona oder Messi erukommen.
A Brasilien gouf no der Nouvelle vum Pelé sengem Doud eng Staatstrauer vun dräi Deeg ausgeruff. Den Edson Arantes do Nascimento gëtt en Dënschdeg no enger Trauerfeier am enkste Familljekrees an der Hafestad Santos bäigesat.