Darts-WMÉischt ganz grouss Iwwerraschung: Hempel eliminéiert Van den Bergh

RTL Lëtzebuerg
Fir den Dimitri Van den Bergh aus der Belsch, deen op der 5. Plaz an der Weltranglëscht steet, ass d'Weltmeeschterschaft zu London schonns eriwwer.
© AFP

De Van den Bergh huet sech a sengem éischte Match nämlech mat 1:3 géint de Florian Hempel verluer, deen iwwregens eréischt fir d’éischte Kéier a senger Karriär bei der WM dobäi ass. Den 31 Joer alen Däitsche spillt elo an der 3. Ronn géint de Raymond Smith, dee sengersäits och liicht iwwerraschend den Devon Peterson aus Südafrika klappe konnt.

Highlighte bis elo op dëser WM waren nieft dem Out vum Van den Bergh awer och déi zwee 9-Darter, déi schonns geschoss goufe vu Borland a Labanauskas.

Back to Top
CIM LOGO