EM-QualifikatiounÉischten Asaz fir Dany Mota mat portugisescher U21-Nationalekipp

RTL Lëtzebuerg
Den 21 Joer ale Stiermer huet bei der 4:0-Victoire an der EM-Qualifikatioun 2 Goler geschoss an 1 virbereet.
© Twitter

Den Dany Mota ass zu Lëtzebuerg opgewuess an huet zu Péiteng gespillt, ier hien 2015 an Italien gewiesselt ass. Dës Saison huet den Dany Mota en Transfert iwwer 2 Milliounen Euro vu Virtus Entella bei d’Nowuesekipp vu Juventus Turin gemaach.

Den Dany Mota huet nieft der portugisescher och déi lëtzebuergesch Nationalitéit, huet awer bis elo all d’Aluedunge vun der FLF ignoréiert. Elo huet hien also eng éischte Kéier fir d’U21-Nationalekipp aus Portugal gespillt.

Back to Top
CIM LOGO