WimbledonElena Rybakina feiert éischt Grand-Slam-Victoire

RTL Lëtzebuerg
An 3 Sätz huet si sech an der Finall zu Wimbledon géint d'Ons Jabeur duerchgesat.
© AFP

Elena Rybakina (WTA 23) géint Ons Jabeur (WTA 2), dat war d’Finall e Samschdeg de Mëtteg beim drëtte Grand Slam vum Joer zu Wimbledon. Dat bessert Enn hat déi gebierteg Russin, déi fir Kasachstan start, fir sech. Si huet an dräi Sätz mat 3:6, 6:2 a 6:2 géint d’Tunesierin gewonnen. Fir si ass et déi éischt Victoire bei engem Grand Slam. Et war och déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt si an enger Finall stoung.

D’Ons Jabeur war déi éischt Afrikanerin, déi et an eng Finall vun engem Grand Slam gepackt huet, mat der éischter Victoire sollt et e Samschdeg awer näischt ginn.

D’Nummer 2 op der Welt war gutt an d’Partie komm an huet den éischte Saz mat 6:3 gewonnen. Am Ufank vum zweete Saz huet si dunn hire Service missen ofginn an huet doduerch hir Linn verluer. Déi 27 Joer al Spillerin huet deels ze verspillt gewierkt, d’Rybakina dogéint war erstaunlech kill. Um Enn war hiren Tennis besser an esou gouf et eng verdéngt Victoire.

Bei den Häre sti sech e Sonndeg an der Finall den Novak Djokovic an den Nick Kyrgios géintiwwer.

Back to Top
CIM LOGO