Och hei zu Lëtzebuerg ass de Problem bekannt a léist zanter enger Zäit Diskussiounen aus.
Mir fänken zu Bartreng an der klenger Schoulschwemm am Centre Atert un. De Luc Laux weist eis wéi fir hien eng Schwammstonn bei jonke Kanner optimal opgebaut ass. Fir de Luc Laux gehéiert de Schwammmeeschter bei d`Kanner an d`Waasser.”
Luc Laux (Schwammmeeschter vu Bartreng)
“Mir haten hei nach ëmmer den Usus, fir all Stonn mat de Kanner an d`Waasser ze goen. Dat huet e gudde Grond, fir e Kand schwammen ze léieren, muss een him d`Angscht vum Waasser huelen an him verschidde Beweegunge bäibréngen. Mir hunn eng immens Chance, datt mir mat der Precoce bis an der Cycle 2.2 kënnen an d`Waasser kommen. Ouni d`Kompetenze vum Léierpersonal an deene vun eis, wier dat awer net méiglech, um Enn vum Cycle 2.1 kënnen d`Kanner dann ouni Hëllef 7 Meter schwammen.”
Fir de Luc Laux sinn d`Schwammmeeschter an der Flicht a gefuerdert, fir de Wee mat de Kanner an d`Waasser ze sichen. Dat wier fir hien op ville Plazen net de Fall. D`Schoulschwammgesetz gesäit vir, datt den Titulaire vun der Klass, also d`Léierpersonal responsabel fir d`Schwammstonn ass. De Schwammmeeschter kann, nëmmen dann, wa genuch Personal do ass, fir d`Sécherheet ze garantéieren, mat deene Kanner an d`Waasser, déi nach net schwamme kënnen. Dofir brauch et awer d`Zoustëmmung vun der jeeweileger Gemeng.
Joseph Grüneisen (President vun der Schwammmeeschter-Federatioun)
“Mam Gesetzestext vun 2010 ass dat alles futti gemaach ginn. Et si vill Gemengen, déi einfach gesot hunn, wann de Ministère gären hätt, datt d`Schoulpersonal déi Coursë soll halen, da solle si dat maachen, da spuere mir Suen. Wa mer soen, d`Kanner ass dat Wichtegst fir d`Zukunft, do gehéiert och dozou, datt se schwamme léieren an dat se eng Léift zum Sport kënnen entwéckelen.”
Op de Schëllere vum Léierpersonal läit domat eng grouss Responsabilitéit. Déi fir mat enger manner adequater Ausbildung wéi där vum Schwammmeeschter eng qualitativ héichwäerteg Schwammstonn ze garantéieren.
Kelly Mendes (Enseignante Lallenger Schoul)
“Et ass sou, datt mir net vill Formatioune kréien, ech och gäre vill méi intensiv am Schwammen Aktivitéite géif maachen. Leider gëtt net vill ugebueden, mir hu Schwammmeeschter hei sëtzen, déi de Beruff geléiert, en awer net ausféiere kënnen. Dofir probéieren ech, mech sou vill wéi méiglech iwwer Bicher z`informéieren. Ech maachen et op jiddefalls gär.”
Stéphanie Nardecchia (Schwammmeeschtesch vun Esch)
“Mir fillen eis natierlech net gutt, mir géifen dann awer gären agräifen, oft huet d`Léierpersonal dat awer net gären, aus wéi engem Grond och ëmmer, mir géifen et awer gäre maachen.”
En anere Problem besteet doranner, datt d`Kanner op verschiddene Plaze besonnesch an hiren éischte Schouljoren ze wéineg an d`Schwämm ginn.
Jang Wagner (Gérant administratif Escher Schwemm)
“Si kommen am Rhythmus vun all 2 Wochen, wat sécher net duergeet. Ech géif soen d`Tendenz geet no ënnen, well einfach ëmmer méi Kanner hei zu Esch bäi kommen, mir awer net méi Schwämme kréien.”
Et ass am Interêt vun de Kanner, datt des Diskussioun seriö gefouert gëtt. Wann ee kuckt, wéi gutt déi privat Schwammcoursë gebucht sinn, dann huet och den Deel vun den Elteren de Problem erkannt. Déi Schwammmeeschter, déi mir begéint hunn, wiere frou, wa si besser an d`Schoulsschwammen agebonne wieren.
Mike Fandel (Gérant Technique Escher Schwemm)
“De Schwammmeeschter mécht eng Ausbildung vun 3 Joer an huet dono en CATP. Ech soen ëmmer ganz einfach, looss de Metzler Zosisse maachen, de Coiffeur d`Hoer schneiden a wann ech gelift de Schwammmeeschter d`Schwammstonn halen.”