
En Donneschdeg den Owend um 20 Auer spillt den F91 Diddeleng am Stade Josy Barthel am drëtten Tour vun der Europa League-Qualifikatioun géint Kalju aus Estland.
Nom Exploit vu leschter Saison wëll de Lëtzebuerger Champion ee weidere Schratt a Richtung Gruppephase maachen.
Zu Diddeleng kennt een de Wee, deen ee muss goen, fir nees an der Gruppephas dobäi ze sinn. No Kalju géif duerno an de Playoffs entweder den FC Ararat aus Armenien oder Saburtalo aus Georgien waarden. Ma als éischt muss emol Kalju eliminéiert ginn.
Fir den Diddelenger Kapitän Tom Schnell sinn d’Esten ee relativ onbekannte Géigner. Et kann ee esou vill Video kucken, wéi ee wëll, d’Realitéit gesäit een um Terrain. Dofir ass et schwéier ze soen, wéi ee Géigner wierklech ass. Et erwaart ee sech en defensiv stabille Géigner, deen op d’Feeler vun den Diddelenger waart.
D’lescht Joer gouf et an dëser Phas vun der Europa League bekannte Nimm wéi Legia Warschau an Cluj, dëst d’Kéier ass dat deemno e bëssen anescht mat Ekippen, déi de Spiller a Spectateure manner ee Begrëff sinn. De Kapitän vun Diddeleng weess net, ob et en Nodeel ass, keng grouss Nimm als Géigner ze hunn. Hien hofft, datt d’Ekipp wäert fokusséiert sinn, egal wéi de Géigner heescht an datt een e gutt Resultat erauskritt.
Beim F91 vertraut een op en Neits op déi eege Stäerkten. No ville Changementer am Summer fënnt sech sou lues och um Terrain eng Ekipp zesummen, sou den Tom Schnell. Bis elo kann een souwuel am Championnat wéi och an der Europa League zefridde sinn.
D’Partie tëscht dem F91 an Kalju gëtt en Donneschdeg um 20 Auer ugepaff an um Radio an am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.