
An et sollt net de Owend ginn, wou de Moris mat Glanzparaden seng Ekipp am Match hält. Well Fenerbahce Istanbul huet an dëser Partie siwen Ofschlëss gehat, vun deenen dräi Bäll op de Gol gaange sinn. Déi dräi waren dann och alleguerten dobannen. Schonn an der 20. Minutt hat de Batshuayi seng Ekipp a Féierung bruecht an dono hunn d’Belsch laang matgehalen. An der zweeter Hallschent ware si esouguer deelweis statistesch gesinn déi dominant Ekipp, ma an der 84. a 94. Minutt hunn d’Tierken a Persona vum Oosterwolde an dem Tadic vum Punkt eng weider Kéier zougeschloen. Esou geet d’Partie 3:0 fir Istanbul aus, déi de Réckmatch dann doheem kënne spillen.