Generaldirekter vun der FLA, Jean Sébastien Dauch:"Eng Indoor-Europameeschterschaft zu Lëtzebuerg ass éischter onrealistesch"

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass an der Coque, de groussen internationale Liichtathletik Meeting.
© Didier Weber

Dëst Joer zielt dës Indoor Kompetitioun, vum Niveau hir, zu den 10 Beschten an Europa. Iwwer déi lescht Joren, huet sech de Meeting ëmmer weider entwéckelt an d’Coque bitt de perfekte Kader. D’Fro déi sech stellt ass déi, ob d’Liichtathletik Federatioun drun denkt, fir eventuell an den nächste Joren d’Europameeschterschaft ze organiséieren? Fir de Generaldirekter vun der FLA, Jean-Sébastien Dauch, ass dat awer éischter net de Fall:

15/01/2025 Cut Jean Sébastien Dauch 17h00

“Sportlech gesinn ass et a sech just ee Meeting ze organiséieren deen iwwer véier Deeg geet. Et empfänkt een awer déi beschte Liichtathleten aus Europa. Dofir ass alles wat ronderëm ass, vill méi schwéier ze organiséieren an et brauch ee méi Leit. Et bräicht een dräi bis véier Persounen déi wärend annerhallwem Joer bis zwee Joer, monopoliséiert wieren. Den Ament huet d’Federatioun déi Ressourcen net. Et kann een zwar detachéiert ginn, mee da géif déi normal Aarbecht leie bleiwen.”

Um internationale Meeting e Sonndeg ass aus Lëtzebuerger Siicht ënnert anerem d’Patrizia van der Weken mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO