Futtball-EMEngland eliminéiert Däitschland, Ukrain wënnt no Verlängerung

RTL Lëtzebuerg
D'Three-Lions konnte sech am Wembley mat 2:0 géint Däitschland behaapten. Méi spéit gouf et fir d'Ukrain dann eng 2:1-Victoire géint Schweden.

Resumé Futtball-EM / Reportage Guy Seyler

Am éischte Match vum Owend gouf et fir England eng 2:0-Victoire géint Däitschland. An der Aachtelsfinall hu sech béid Ekippe laang op Aenhéicht gewisen, bis de Sterling an der 75. Minutt seng Ekipp a Féierung brénge konnt. Kuerz viru Schluss war et dann nach de Kane, dee mam 2:0 de Match entscheet huet. Domat stinn d’Englänner an der Véierelsfinall, wou et géint d’Ekipp aus der Ukrain geet. Fir de Joachim Löw war dat iwwerdeems de leschte Match un der Säitelinn vun der däitscher Nationalekipp. Scho virum Turnéier hat de Weltmeeschter-Trainer vun 2014 de Schluss vu senger laanger Trainer-Karriär beim DFB ugekënnegt.

De leschten Ticket fir d’Véierelsfinall konnt sech dann nach d’Ukrain sécheren. Dem Zinchenko war no 27 Minutten den 1:0 gelongen, kuerz virun der Paus war et dann de Forsberg dee fir déi schwedesch Nationalekipp ausgläiche konnt. No 90 Minutten gouf et zu Glasgow dann awer kee Gewënner, sou dass et eng weider Kéier an d’Verlängerung gaangen ass. Do konnt den Dovbyk mam Lucky-Punch an der 121. Minutt de Match entscheeden an der Ukrain domat d’Plaz an der Véierelsfinall sécheren.

D’Resuméë vun de Matcher

England - Däitschland 2:0

An den éischte Minutte vum Match huet virun allem Däitschland de Ball lafe gelooss an d’Englänner fréi ënner Drock gesat. D’Partie am legendäre Wembley Stadium zu London stoung vun Ufank un ënner Stroum, wat een net nëmme béiden Ekippen, ma och de 45.000 Spectateuren ugemierkt huet. Déi éischt gutt Chance gouf et no 15 Minutte vum Sterling, dee sech aus ronn 20 Meter en Häerz geholl huet. Den Neuer konnt de Ball awer sécher paréieren an och den uschléissende Corner konnt déi däitsch Nummer 1 ofwieren.
Mat der Zäit hu sech d’Three Lions ëmmer méi zougetraut a sou war et no enger hallwer Stonn eng animéiert an ausgeglache Partie, an där nëmmen nach d’Goler gefeelt hunn. De Gol ass da bal an der leschter Aktioun vun der éischter Hallschent gefall, wéi de Ball am Strofraum glécklech de Wee bei de Kane fonnt huet. Den Hummels war awer nach mat Zäit do a konnt mat sengem Asaz de Réckstand a leschter Sekonn verhënneren. Ouni Goler ass et duerno fir béid Ekippen an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel huet den Havertz dann net laang gewaart, fir den englännesche Golkipp mat engem stramme Schoss op d’Prouf ze stellen. De Pickford krut de Ball awer mat engem staarke Reflex nach iwwert d’Lat geleet. No dëser gudder Chance huet sech de Match gréisstendeels berouegt. Souwuel England wéi och Däitschland wollten net ze vill Risiko agoen, dobäi hu sie sech prioritär op hir defensiv Aarbecht konzentréiert.
No 75 Minutte war et da sou wäit. Eng flaach Flank vum Shaw huet de Sterling an der Mëtt fonnt, deen aus kuerzer Distanz de Ball hannert d’Linn drécke konnt an domat d’Féierung fir England hirgestallt huet. Zwou Minutten drop hat de Müller dann den 1:1 um Fouss leien, wéi hien eleng op de Golkipp zougelaf war. Ma säi Schoss huet de Gol knapps verfeelt. Anescht huet dat op der anerer Säit ausgesinn. Nees war et eng Flank déi de Wee an den däitsche Strofraum fonnt huet, ma dës Kéier war et Kane deen de Ball mam Kapp iwwert d’Linn drécke konnt.

Um Enn wënnt England also mat 2:0 géint Däitschland a steet domat weider ouni Géigegol an der Véierelsfinall.

Schweden - Ukrain 1:2

Schweden huet nom Ustouss am Hampden Park zu Glasgow d’Initiativ iwwerholl an de Ball duerch déi eege Reihe lafe gelooss. D’Ukrain huet sech ufanks ëm eng stabil Defense beméit, wat och gutt gelongen ass. Och am Spill no vir konnte sie no 11 Minutten eng éischt gutt Chance verbuchen, ma dem Yarenchuk säi Schoss konnt vum schwedesche Golkipp paréiert ginn. E puer Minutte méi spéit gouf et dann op der anerer Säit bal den éischte Gol vum Match duerch den Isak, deen de Ball mat engem schéine Schoss awer knapps laanscht de Gol gesat huet.
Schweden war elo an enger gudder Phas mat vill Drock no vir, ma e bësse wéi aus dem Näischt louch d’Ukrain dann op eemol a Féierung. An der 27. Minutt war et den Zinchenko, dee mat vollem Risiko op 1:0 fir seng Ekipp stelle konnt, nodeems hie vum Yarmolenko am Strofraum ugespillt gouf. Nom Géigegol wollt déi schwedesch Ekipp dann awer eng Reaktioun weisen, déi et dann nach kuerz virun der Paus a Form vun engem Gol ginn ass. De Schoss vum Forsberg gouf vum ukrainesche Spiller sou ofgefälscht, dass de Golkipp keng Chance méi hat de Ball ofzewieren. Mat engem gerechten 1:1 ass déi éischt Hallschent dann op en Enn gaangen, an där sech béid Ekippen trotz den zwee Goler iwwer laang Zäit schwéier gedoen hunn.

Am zweeten Duerchgang hunn d’Lat an de Potto dann direkt e puer Mol gewackelt. 10 Minutten nom Säitewiessel war et als éischt de Sydorchuk, deem säi Schoss vum Aluminium gestoppt gouf. Méi spéit war et dann nach zwee Mol de Forsberg deen d’Schweden mat sengen zwee geféierleche Schëss bal a Féierung bruecht huet. Ofgesinn dovun gouf et an der zweeter Hallschent allerdéngs net vill méi ze gesinn. An engem ausgeglachene Match ouni vill Golchancen ass alles op eng Verlängerung erausgelaf.

Do gouf et dann an der 98. Minutt e Réckschlag fir Schweden. Den Danielson hat no engem schroe Feeler um Beseydin déi Giel Kaart gesinn, ma nom Asaz vum Videoarbitter krut de schwedeschen Defenseur déi Rout Kaart gewisen. An Iwwerzuel wollt d’Ukrain elo op den zweete Gol drécken, wat dann och an der Nospillzäit vun der Verlängerung gelongen ass. No enger Flank vu lénks stoung den Dovbyk an der Mëtt op der richteger Plaz a sou huet hie mam Lucky Punch d’Victoire fir d’Ukrain geséchert. An der Véierelsfinall geet et dann also géint d’Englänner.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO