Futtball-EMEngland klappt Dänemark no Verlängerung a steet an der Finall

RTL Lëtzebuerg
No 90 Minutte stoung et tëscht England an Dänemark 1:1 gläich. Den decisive Gol huet de Kane an der 105. Minutt geschoss.

Bei der Futtball-Europameeschterschaft huet sech e Mëttwoch den Owend England deen zweeten Ticket fir d’Finall geséchert. D’Three Lions hu sech no Verlängerung mat 2:1 géint Dänemark behaapt.

Dänemark war an der 30. Minutt duerch e Fräistouss vum Damsgaard mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 39. Minutt hat de Kjaer duerch e gezwongene Selbstgol op 1:1 gesat. D’Decisioun ass dunn an der Verlängerung gefall. Hei huet de Kane am Noschoss een Eelefmeter verwandelt an esou fir d'2:1-Victoire gesuergt. Een historeschen Owend fir d’Englänner. 55 Joer no der Victoire vum WM-Titel hu si elo d’Chance op een zweete groussen Titel.

D’Finall vun der paneuropäescher Europameeschterschaft gëtt e Sonndeg den Owend gespillt. Um 21 Auer gëtt d’Partie tëscht Italien an England ugepaff.

Dir kënnt d’Finall e Sonndeg och live op RTL Radio Lëtzebuerg suivéieren.

De Resumé vum Match

England - Dänemark 2:1
0:1 Damsgaard (30'), 1:1 Kjaer (39', Selbstgol), 2:1 Kane (105', Eelefmeter)

D’Englänner hunn an der Partie géint Dänemark an den éischte Minutten direkt den Tempo uginn, ma et huet hinnen un der néideger Duerchsetzungskraaft gefeelt. D’Three Lions sinn duerno allerdéngs méi passiv ginn, den Tempo am Opbauspill ass ëmmer méi erofgaangen an esou war et d’Ekipp vum Hjulmand, déi dës Passivitéit bestrooft huet. Si huet eng Standardsituatioun genotzt, fir no 30 Minutte mat 1:0 a Féierung ze goen. Den Damsgaard huet per Fräistouss markéiert. De Pickford war nach drun, ma konnt den éischte Géigegol am Tournoi net méi verhënneren. D’Englänner hu sech vum Réckstand net veronséchere gelooss an hunn direkt probéiert, fir eng Reaktioun ze weisen. An der 38. Minutt konnt de Schmeichel mat enger staarker Parad nach den Ausgläich verhënneren, ma an der 39. Minutt huet et dunn am Gol vun Dänemark gerabbelt. De Kjaer huet fir den 1:1 an den 11. Selbstgol bei der EM gesuergt. Den Dän gouf zum Selbstgol gezwongen, soss hätt de Sterling dat ronnt Lieder wuel iwwert d’Linn gedréckt. Mam 1:1 ass et an d’Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent hunn d’Englänner dunn no an no den Tempo erhéicht an den Drock op d’Dänen ass ëmmer méi grouss dinn. Kjaer a Co sinn deels hanne kaum nach erauskomm, ma si hu gekämpft a sech esou an d’Verlängerung gerett.

Hei hunn d’Three Lions weider den Toun uginn. Si si reegelméisseg an de Strofraum komm, ma de Ball wollt einfach net an de Gol goen. An der 102. Minutt ass de Sterling dunn eng weider Kéier mat héijem Tempo an de Strofraum gezunn. Direkt dräi Dänen hu probéiert, fir hien ze stoppen. Maehle a Jensen hunn hie liicht beréiert, de Sterling ass gefall an den Arbitter huet ee glécklechen Eelefmeter fir d’Englänner gepaff. De Kane huet sech der Saach ugeholl. De Schmeichel konnt säi Schoss vum Punkt nach paréieren, ma géint den Noschoss konnt en näischt méi maachen. Och wann et ee glécklechen Eelefmeter war, den 2:1 war duerchaus verdéngt. D’Däne sinn duerno net nach eng Kéier zeréck an de Match komm. Esou datt England mat 2:1 gewënnt a verdéngt an der Finall steet.

Public Viewing: Stëmmungsbild a Clausen

Eng Rei Caféen an der Stad haten déi 2. Halleffinall vun der Futtball-EM tëscht England an Dänemark gewisen. Esou och de Britannia a Clausen. Virun allem englesch Supporter ware present. Wéinst der Corona-Pandemie huet am Café eng Kapazitéitsbegrenzung vu 60 Prozent gegollt. All Clienten hunn sech missten un Standarde vum CovidCheck halen. Wie kee gültegt Dokument no dëse Bestëmmungen hat, konnt op der Plaz ee Schnelltest duerchféieren. Dat Schwieregt dobäi fir d’Leit: d’Corona-Reegelen am Kapp ze behalen, wann gläichzäiteg d’Emotiounen héichkachen.

D’brittesch Supporter waren ëmmer nees opgesprongen, fir hir Ekipp z’ënnerstëtzen. D’Stëmmung war euphoresch.

E Sonndeg an der Finall spillen d’Three Lions géint Italien. Och dëse Match kann ee vun 21 Auer un am Britannia suivéieren.

Stëmmungsbild aus dem Britannia a Clausen
D’Supporter sinn ëmmer nees opgesprongen, fir hir jeeweileg Ekipp z’ënnerstëtzen. D’Stëmmung war euphoresch.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO