Futtball-EMEngland klappt d'Ukrain mat 4:0, och Dänemark steet an der Halleffinall

RTL Lëtzebuerg
Duerch dës Victoire qualifizéiert sech England fir d'Halleffinall an trëfft do op Dänemark, déi sech mat 2:1 géint Tschechien behaapte konnten.

Um Sonndeg goung et an der Futtball-Europameeschterschaft ëm déi 2 leschte fräi Plazen an den Halleffinallen.

Beim Match tëscht Tschechien an Dänemark waren et d’Dänen, déi zu Baku de Score opgemaach haten. An der 5. Minutt konnt den Delaney seng Faarwe mam Kapp a Féierung bréngen. Kuerz virun der Paus konnt den Dolberg dann nach een dropsetzen an Dänemark mat 2:0 an Avantage bréngen. Nom Säitewiessel konnt de Schick mat sengem 5. Gol bei dëser EM de Match erëm spannend gestallten, ma um Enn blouf et awer bei der 2:1-Victoire zu Gonschte vun Dänemark, déi soumat an der Halleffinall stinn.

An der zweeter Véierelsfinall vum Samschdeg stounge just d’Ukrain an England géigeniwwer. Hei waren et d’Englänner, déi zu Roum mat vill Tempo aus der Kabinn koumen. No nëmme 4 Minutte konnt den Harry Kane England a Féierung bréngen, dëst no engem super Pass vum Raheem Sterling. Nom Säitewiessel hunn d’Englänner fréi fir eng Virentscheedung gesuergt. An der 46. war et den Harry Maguire, dee mam Kapp erfollegräich war an nëmme 4 Minutte méi spéit konnt de Kane op 3:0 stellen. An der 63. Spillminutt hat den Henderson nach ee drop gesat a sou steet England verdéngt an der Halleffinall an trëfft do op Dänemark.

D’Resuméë vun de Matcher

Ukrain - England 0:4
0:1 Kane (4'), 0:2 Maguire (46'), 0:3 Kane (50'), 0:4 Henderson (63')

Zu Roum am Stadio Olimpico stounge sech mat der Ukrain an England déi lescht zwee Véierelsfinaliste géigeniwwer. Ënnert der Leedung vum Däitsche Félix Brych waren et d’Englänner, déi dee bessere Start an de Match haten. No nëmme 4 Minutte konnt de Sterling vun der Bande an den Zentrum zéien. mat engem excellente Pass hat hie säi Kapitän Harry Kane fonnt, deen d’Nerve virum Bushchan behale konnt a sou den 1:0 markéiert hat. Duerno war et eng ausgeglachen 1. Halbzeit an där sech och d’Ekipp vum Andriy Shevchenko net verstoppt hat, a beméit war, den Englänner villes ofzeverlaangen.

Nom Téi konnten d’Englänner awer fréi fir d’Entscheedung suergen. An der 46. Minutt konnt de Maguire eng Flank vum Luke Shaw mam Kapp verwäerten. Nëmme 4 Minutt méi spéit konnt de Kane mat sengem 2. perséinleche Gol vum Owend den Deckel dropmaachen. Op en Neits koum d’Virlag vum Shaw an och de Kane konnt de Ball mam Kapp an de Filet setzen. Duerno konnt d’Ukrain net méi vill dogéint setzen an England hat de Match ënner Kontroll. An der 63. Minutt konnt den Henderson nach ee dropsetzen an op 4:0 zu Gonschte vun England stellen. Um Enn steet soumat eng verdéngte 4:0-Victoire fir England.

Tschechien - Dänemark 1:2
0:1 Delaney (5'), 0:2 Dolberg (42'), 1:2 Schick (49')

No nëmme 5 Minutte konnt Dänemark a Féierung goen. No engem Corner vum Larsen war et den Delaney, deen am Strofraum am héchste gespronge war. Hie konnt de Ball mam Kapp an de Filet setzen an hat dem Vaclik am tschechesche Gol keng Chance gelooss. Duerno wollt Dänemark noleeën, ma souwuel dem Damsgaard säi Schoss aus kuerzer Distanz, ewéi och dem Delaney säi Schoss an der 17. Minutt waren net vun Erfolleg gekréint. Ma och d’Tscheche wollten offensiv Akzenter setzen. An der 22. Minutt hat den Holes eng gutt Geleeënheet, ma de Schmeichel konnt paréieren. Kuerz virun der Paus konnt Dänemark d’Avance awer erhéijen. No enger Pass vum Maehle stoung den Dolberg genau richteg a konnt de Ball an de Gol setzen.

Nom Téi konnten Tschechen erëm erukommen. No enger Flank vum Coufal stoung de Schick goldrichteg an de Stiermer konnt soumat ewell säi 5. Gol bei der EM markéieren. Duerno war Tschechien beméit, fir de Match nach op hir Säit ze zéien, ma Dänemark hat awer wéineg zougelooss. Um Enn sollt et soumat bei der Victoire fir Dänemark bleiwen, déi sech soumat den Ticket fir d’Halleffinall séchere konnten.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO