
Kroatien oder Schottland hunn am direkten Duell missten 3 Punkte mathuelen, fir nach eng Chance ze hunn, fir weider ze kommen. D’Kroaten hunn dat Bescht aus dem Match erausgeholl a sech qualifizéiert. Duerch d’Néierlag vun Tschechien géint England si se souguer zweeten am Grupp ginn. Den Tscheche ginn hir véier Punkten awer duer, fir sech als ee vun de beschten Drëtten ze qualifizéieren.
Tschechien -England 0:1
Am Wembleystadion huet England déi éischt 45 Minutten dominéiert an ass no engem Gol vum Sterling no 12 Minutte verdéngt a Féierung. D’Tschechen dogéint konnte sech ëmmer just punktuell befreien, sinn awer och zu Chancë komm. An der zweeter Hallschent ass awer net méi vill passéiert. England hat wuel an der 86. Minutt de Ball an de Gol geschoss, ma duerch en Abseits huet dësen net gezielt.
Kroatien - Schottland 3:1
Fir egal wéi ee Land hätt eng Victoire an domadder véier Punkte quasi eng sécher Plaz an den Aachtelsfinalle bedeit. D’Kroaten hu mat 71 Prozent Ballbesëtz däitlech méi fir déi Victoire virun der Paus gemaach an no 17 Minutten huet de Vlasic seng Faarwen och belount. Ma kuerz virun der Paus hunn d’Schotten am Form vum McGregor den Ausgläich markéieren. Nom Säitewiessel konnten Kroaten de Match awer fir sech entscheeden. Kuerz no enger gudder Chance fir Schottland huet de Modric seng Natioun a Féierung bruecht an fir e klenge Puffer vun zwee Goler huet de Perisic an der 77. Minutt gesuergt. Nom 3:1 hunn d’Kroate probéiert, fir de Ball esou wäit wéi méiglech vun hirem Gol ewechzehalen. D’Schotten dogéint hunn zwar Moral gewisen, konnten awer näischt méi erauszéien. Esou wënnt Kroatien de Match a qualifizéiert sech fir d’Aachtelsfinallen.
