
Real Madrid – FC Barcelona 0:1
An der Woch hat Barcelona de Kinneklechen an der Copa Del Rey mat engem 3:0-Succès keng Chance gelooss. De Real war also am 2. El Clásico bannent e puer Deeg motivéiert an huet dem eegene Public missen eppes weisen. D’Männer vum Trainer Solari konnten awer op en Neits näischt géint eng Victoire vum Barca entgéintsetzen.
An der 27. Minutt konnt de Rakitic Barcelona 1:0 an den Avantage bréngen - mat dësem Score goung et och an d’Paus. Am 2. Duerchgang hat d’Lokalekipp Krämpes, fir nach eng Kéier an de Match zeréckzefannen, sou datt um Enn eng 1:0-Victoire fir de Gaascht aus Katalounien op der Tafel stoung.
Soumat war déi 2. Victoire fir Barcelona géint Real bannent nëmme véier Deeg perfekt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Tottenham – Arsenal 1:1
No der gudder Leeschtung vum Starspiller Mesut Özil huet een dierfe gespaant sinn, ob de fréiere Weltmeeschter am London Derby an den Asaz géif kommen - ma den Däitsche souz awer mol op der Bänk. Seng Equipiere vun Arsenal sinn an der 16. Spillminutt duerch de Ramsey mat 1:0 a Féierung gaangen. Mat deem Score goung et och op den Téi.
Am zweeten Duerchgang kruten d’Spectateuren am Wembley Stadion virun allem an der Schlussphas ee Spektakel gebueden. Tottenham konnt duerch een Eelefter vum Kane an der 74. Minutt ausgläichen. Ma och Arsenal krut nach ee Penalty zougesprach, dat an der 1. Minutt vun der Nospillzäit. Dem Aubameyang säi Schoss konnt de Kipper Lloris awer halen a senge Faarwe soumat ee Punkt retten.
Bournemouth – ManCity 0:1
Am Vitality Stadium war de Starensembel vu Manchester City op Besuch. Deen huet am 1. Duerchgang awer mat der Handbrems gespillt a konnte kee Gol markéieren. An der 55. Spillminutt, nom Téi, war de Mahrez, dee seng Faarwen an Avantage brénge konnt. 1:0 fir d’Citizens war dunn awer d’Schlussresultat.

ManUnited – Southampton 3:2
Manchester United wëllt op eng Champions League Plaz vir réckelen an dofir huet doheem missen eng Victoire géint Southampton kloer gemaach ginn. D’Red Devils koumen net esou einfach an de Match. Eng duerchaus knapp Victoire konnt Man United doheem géint Southampton dunn awer feieren. De Gaascht war an der 26. Minutt duerch de Valery a Féierung gaangen. Duerno hunn d’Red Devils an der 53. duerch de Pereira an an der 59. duerch de Lukaku de Match gedréint. Mat de Ward-Prows konnt awer an der 75. Spillminutt nach eng Kéier een dropsetzen.
Um Enn war et de belsche Stiermer Lukaku, dee mat sengem Gol an der 88. Spillminutt de Sak fir United zoumaache konnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Caen – PSG 1:2
Am Stade Michel d’Ornano hunn d’Spectateuren eng 1. Hallschecht ouni Goler gesinn. Am 2. Duerchgang ass d’Lokalekipp du mat 1:0 duerch den Ninga a Féierung gaangen.
De PSG hat awer d’Äntwert an huet duerch dem Mbappé säin Eelefter an der 59. ausgeglach. Dat franséischt Nowuesstalent huet dunn 3 Minutte viru Schluss op 2:1 erhéicht a Paräis soumat d’Victoire kloergemaach.

Angers – Monaco 2:2
Waren d’Monegassen denkbar schlecht an déi nei Saison gestart, erkritt sech d’Ekipp vum alen an neien Trainer Jardim esou lues. Auswäerts zu Angers huet awer eng schwiereg Aufgab op Monaco gewaart. 2:0 war d’AS no den éischte 45 Minutten hannen, dat no 2 Goler vum Tait an der 22. an an der 45. Spillminutt.
Am 2. Duerchgang huet sech Monaco gerappt an de Match ausgeglach. 2:2 stoung et deemno um Enn, nodeems de Falcao och zweemol markéiert huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Milan – Sassuolo 1:0
No duerchwuessene Leeschtunge vun de Rossoneri an der Hironn erkritt sech d’Ekipp aus der Lombardei esou lues a schläicht sech an der Tabell ëmmer méi no vir. Doheem géint Sassuolo hunn d’Suporter am Guiseppe Meazza Stadion op weider 3 Punkte gewaart an déi hu si och um Enn kritt.
Zwar war de Match mat Goler rar geséint, war Milan an der 36. Spillminutt duerch ee Selbstgol vum Lirola an Avantage geroden, ma déi dräi Punkte waren dem Gennaro Gattuso senger Ekipp awer net méi ze huelen.
Lazio – Roma 3:0
Am réimeschen Derby stounge sech Lazio an d’Roma géigeniwwer. D’Roma spillt bis elo eng méi ofgekläerte Saison, ma Lazio wollt doheem géint d’Rivale vu Roum awer punkten an dat ass hinnen och op beandrockend Aart a Weis gelongen.
Ugefangen huet d'3:0-Victoire fir Lazio an der 12. Minutt duerch de Gol vum Caicedo. An der zweeter Hallschecht konnt dunn den Immobile mat engem Eelefter op 2:0 an der 73. Spillminutt erhéijen. Den Tëppel op den I huet an der 89. Spillminutt de Cataldi mat sengem 3:0 gesat.
