
Mattendran och den Eric Jeitz, deen d’Schong elo un den Nol hänkt. Ënnert anerem op 3 Championstitele kann den Eric Jeitz zeréckkucken.
2009 mam AB Konter an der legendärer Ekipp mat Ken Diederich, Gilles Becker a Co. 2016 an 2017 goufen et ënnert dem deemolegen Trainer Ken Diederich nach zwee weider Titele mat der Amicale Steesel.
Den Eric Jeitz huet jorelaang dem Lëtzebuerger Basket säi Stempel mat opgedréckt, e Samschdeg war säi leschten Optrëtt.
Déi lescht zwee Joer huet den Eric Jeitz den Trikot vum T71 gedroen a konnt fir den Ofschloss nach eng wierdeg Finall-Serie spillen. Dem President Marcel Wagener no muss a wäert hien elo adequat ersat ginn.
Ob den Eric Jeitz an Zukunft dem Basket an iergendenger Form erhale bleift, huet den 32 Joer ale fréieren Nationalspiller nach net decidéiert.