Wann ee Kultur a Sport kombinéiertEscher Kulturlaf 2022

RTL Lëtzebuerg
Den 3. September dréint sech zu Esch alles ëm den Escher Kulturlaf. Nieft dem sportleche Programm, gëtt awer och fir flott musikalesch Animatioun gesuergt.
© Didier Weber

Escher Kulturlaf / Sam Rickal

Den 3. September ass et nees esouwäit, déi 16. Editioun vum Escher Kulturlaf steet virun der Dier. 1.500 Coureure si bis ewell ageschriwwen, déi sech iwwer zwou grouss Ännerunge freeë kënnen. Dës gi vum President vun der Escher Kulturlaf a.s.b.l., dem Pol Zimmermann, virgestallt:

Pol Zimmermann: “Mir maachen eng Distanz bäi a ginn erop op den hallwe Marathon, well et duerch d’Weiderentwécklung vun der Stad Esch méiglech ass, déi 5 Kilometer zu de 16 Kilometer bäizesetzen. Déi zweet Neierung, mir hunn den Depart an d’Arrivée vum Belval an den Zentrum vun Esch geluecht. Den Depart ass elo op der Stadhausplaz an d’Arrivée ass um Site Metzeschmelz.”

Nieft engem Hallefmarathon, kënnen d’Leefer och 10 oder 16 Kilometer lafen. Och ee Kannerlaf gëtt ugebueden. Wat d’Starterfeld ugeet, huet een et fäerdeg bruecht, esou munch fréier Vainqueuren nees un den Depart ze kréien.

Pol Zimmermann: “Mir hunn och eng Rei Leefer, déi d’Jore virdru gewonnen hunn, déi sech well ugemellt hunn. Op den 10 Miles hu mir de Jonas Kinde, de Christoph Kuss, d’Anny Wolter, d’Titiana Vernigor an op den 10 Kilometer d’Jenny Gloden. Mir hunn also eng Rei Leefer, déi net an der Vakanz sinn a lafen.”

Ee wichtege Punkt nieft de sportlechen Aktivitéiten ass natierlech och dee kulturelle Volet. Och do gouf vill geplangt.

Dozou d’Sekretärin vun der Escher Kulturlaf a.s.b.l., Laure Williere:“Mir hunn dëst Joer nees gekuckt, genuch Gruppen ze fannen, déi d’Leefer an d’Spectateure laanscht dem Parcours ufeieren. Vill verschidden DJ’en, Fanfaren, Trommelergruppen, wierklech ee gudde Mix. Och Leit wéi den André Mergenthaler, dee vun der éischter Minutt u beim Escher Kulturlaf mat dobäi war. Op eiser Arrivée, op eisem “After Kulturlaf”, ass vun owes hallwer 10 als éischt de Spektakel vun der Nuit de la Culture. Duerno mécht dann een DJ vun eis den Ofschloss.”

Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo ass frou, datt sech sou vill Leit ageschriwwen hunn an ass och houfreg drop, datt een et fäerdeg bruecht huet, mat der Nuit de la Culture zu Esch kënnen zesummenzeschaffen.

Georges Mischo: “Ech si fir d’éischt Mol richteg frou, datt mir de Kulturlaf nees sou kënnen organiséieren, wéi mir an d’Leefer et gewinnt sinn. Als Buergermeeschter sinn ech och frou kënne mat der Nuit de la Culture kënnen zesummenzeschaffen. Mat enger Arrivée op enger “Tier Lieu Culturel”, wat net nëmme ganz wichteg ass fir Esch, mee awer och fir Esch 2022, de Batiment 4. Dofir sinn ech ganz frou, datt de Kulturlaf och bei der Kultur ukënnt.

Fir vill Trafic am Zentrum vun Esch ze evitéieren, ginn Navette op verschiddene Parkingen ugebueden. Aschreiwe kënnt Dir Iech online op kulturlaf.lu, awer och den 2. an 3. September op der Plaz. Weider Informatioune fannt Dir op der Homepage vum Escher Kulturlaf.

Escher Kulturlaf / Dossier de Presse

Back to Top
CIM LOGO