Déi 32 Joer al Mëttelstreckespezialistin huet an der zweeter Halleffinall mat engem Chrono vun 2 Minutten an 78 Honnertstel eng nei perséinlech Beschtzäit fir dës Saison realiséiert. Dës sollt awer net duergoen, fir sech fir d’Finall ze qualifizéieren. Um Enn hu 37 Honnertstel gefeelt.