Organiséiert gouf de Broschtkriibslaf vun Europa Donna Lëtzebuerg. D’Associatioun hëlleft Fraen, déi Broschtkriibs hunn an de Familljen. Souwuel beim Traitement wéi och mat engem oppenen Ouer. Um Samschden de Moie louch de Fokus awer um Zesummesinn an um Parcours vu 5 Kilometer. “Et ass onwarscheinlech, déi Well vu Solidaritéit déi mer hei erliewen, vu Fraen, déi krank waren, déi villäicht nach krank sinn, hir Famillen a Frënn, déi kommen”, huet d’Dany Frank, Member vun Europa Donna, ënnerstrach. D’Atmosphäre wier bal net ze beschreiwen.
Beim kleng Parcours huet gegollt: Duerchhalen an Ukommen. Kee Kompetitiounsgedanken, mee de Message, vu “keen eleng”. Sou wéi e bei Europa Donna gelieft gëtt. Bei Europa Donna hätt een zwee grouss Objektiver, huet d’Mariette Fischbach erkläert. ”Eemol fir d’Leit ze begleeden, déi an der Krankheet sinn oder och no der Krankheet. Dat ass eemol mat Soins de supports. Dat si Soinen, fir hire Bien être a fir d’Effets secondairen besser ze verstoen. An dann hu mer Groupes de paroles”, huet d’Presidentin vun Europa Donna betount.
All Joer gi 500 nei Fäll vu Broschtkriibs detektéiert. D’Sensibilisatioun fir d’Preventioun ass dofir kruzial. Besonnesch och jonk Frae sollen 1 Mol de Mount hir Broscht op Anomalien oftaaschten. Fir Fraen tëscht 45 a 74 Joer leeft de Programm Mammographie vun der Santé. D’Fréierkennung vum Kriibs ass immens wichteg. “Wann den Depistage fréi genuch gemaach ginn ass, dann ass eng Heelung vum Broschtkriibs an 9 vun 10 Fäll méiglech. Et wier also net gutt, wann een net matmécht an de Kriibs verspéit géing entdecken”, sot d’Fanny Lorin, déi Coordinatrice vum Dépistageprogramm bei der Santé ass.
D’Heelungschance beim Broschtkriibs läit, wéi gesot, no bei 90 Prozent. Wat en éischter entdeckt gëtt, wat besser. Bei engem Traitement vun dacks op d’mannst 6 Méint heescht et - duerchhalen a gesond ukommen.