
Et kéint elo ëmgedréint si ewéi virdrun: Wann de Stiermer mat engem Deel vu sengem Kierper nach op der Héicht vum Verdeedeger ass, da soll keen Abseits sinn. Virdru war et jo, dass wann een Deel vum Kierper vum Spiller iwwert d’Linn vum leschte Géigespiller war, da war Abseits.
D’Iddi soll vum Arsène Wenger kommen, deen 20 Joer laang Trainer beim FC Arsenal war a lo Fifa-Direkter fir d’Fërderung vum Fussball ass. Hien hat d’Iddi am Februar ewell presentéiert a Fifa-President Gianni Infantino soll bis elo net onbedéngt dogéint sinn. Fir de Wenger géing déi nei Reegel deemno wéi de Problem léisen an et géing keng Millimeter-Entscheedunge méi ginn, wann ee knappen Deel vun engem Stiermer virun der defensiver Linn géing stoen.
Arbitter-Expert Alex Feuerherdt ass sengersäits net dofir. Fir hie kéint een Arbitter dann net méi erkennen, ob ee Spiller am Abseits steet oder net, well een eben virdru just déi defensiv Linn misst kucken, respektiv ob een Deel vun engem Spiller driwwer steet, a lo misst een et ganz anescht kucken. Wa 6 Spiller op engem Koup wieren, wier et da schwéier ze gesinn, ob ee Spiller mat engem Deel vu sengem Kierper nach un der defensiver Linn war oder net. Dat géing bedeiten, dass ganz oft déi Decisiounen iwwert de Video-Assistent misst lafen.
Angaben no hätte mat der neier Abseits-Reegel 50 Prozent vun de Goler, déi zanter dem Asaz vu Video-Assistenten, geschoss goufen, missten zielen.
Déi nei Reegel kéint bei engem U19-Turnéier an Däitschland getest ginn. Wann d’Reegel awer offiziell geännert géing ginn, misst dat awer net vun der Fifa decidéiert ginn mä vun der IFAB (International Football Association Boards).