Champions LeagueEt gi sech spannend Halleffinallen erwaart

Tom Hoffmann
En Dënschdeg an e Mëttwoch stinn d'Allersmatcher vun den Halleffinallen an der Champions League am Futtball um Programm.
Champiobs League: Et gi sech spannend Halleffinallen erwaart
En Dënschdeg an e Mëttwoch stinn d’Allersmatcher vun den Halleffinallen an der Champions League am Futtball um Programm.

Et gëtt spannend dës Woch an der Champions League. An der éischter Halleffinall vun dëser Champions-League-Saison waart op den FC Chelsea den dräizéngfache Champion Real Madrid. D’Spuenier sinn dëst Joer awer wäit ewech vun der Favoritteroll. Et wier éischter 50/50, mengt den FLF-President Paul Philipp.

Wann een hir ganz Saison Revue passéiere léisst, ass dat richteg. Si haten eng ganz schwiereg Gruppephas, wou se Problemer haten, fir weiderzekommen. Duerno hu si sech gefaangen, mee haten och eng ganz Rei Blesséierter. Virun allem hire wichtegste Mann, de Sergio Ramos, wou ee gemierkt huet, et géif net ouni hie goen, mëttlerweil hu si gesinn, dass et och muss ouni hie goen. Si sinn elo an der Halleffinall, mee et ass eng Ekipp vum Real, déi permanent an der Verdeedegung muss wiesselen, well ëmmer nees ee blesséiert ass.

Dowéinst kann Chelsea sech duerchaus Chancen ausrechnen, mee och de Kader vun der Ekipp aus der Premier League léisst sech weisen.

Haaptsächlech am offensive Beräich. En Ziyech huet scho beim Ajax gewisen, wat e kann, dann hu se nach 2 däitsch Nationalspiller am Kader, de Mason Mount gëtt och sécherlech ee vun deene ganz Groussen an Europa, dat ganzt ass ofgeséchert duerch e Weltmeeschter aus Frankräich, de Kanté, fir elo nëmmen déi Haaptleit ze nennen.

Op alle Fall en Duell, wat béid Ekippe kéinte gewannen. Dat ass an der Partie tëschent dem PSG a Manchester City anescht. D’Ekipp vum Pep Guardiola ass de Favorit. City huet dëse Weekend fir déi 4. Kéier de League Cup gewonnen a gëtt mat Sécherheet och fir déi drëtte Kéier a 4 Joer englesche Champion.

Mee dat alles zielt dëst Joer net. Dëst Joer muss d’Coupe mat de groussen Ouere gewonnen ginn. Et ass fir d’éischt zanter 2014, dass City nees esou wäit komm ass. Si wëssen, dass si dëst Joer eng grouss Chance hunn. Virun allem déi Aart a Weis, wéi si spillen a funktionéieren a si hunn och wéineg Blesséierter, well ëmmer nees rotéiert gëtt, ouni dass d’Qualitéit vun hirem Spill ofhëlt. Dat ass e wichtegen Aspekt.

A wéi dës Allersmatcher vun den Halleffinallen ausginn, dat gesitt Dir en Dënschdeg, respektiv e Mëttwoch live um RTL Zwee an am Stream op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO