ÄishockeyEt ginn dräi Äispisten am Land, dobäi sinn der awer nëmmen zwou am Betrib

RTL Lëtzebuerg
Dat sinn déi op der Kockelscheier. Et ginn nëmmen 2 Äishockeyveräiner bei eis am Land. D'Matcher vu Beefort a vum Tornado zéien awer Honnerte leit un.

Fir béid Clibb kéint d’Saison awer ganz komplizéiert ginn.

Duerch d’Energiekris muss gespuert ginn op den Äispisten. Op der Kockelscheier, do wou den Tornado spillt, leeft de Betrib dem President vun der Äishockeyfederatioun Alain Schneider no den Ament awer nach relativ normal.

D’Äis gëtt net esou oft gemaach, d’Beliichtung ass net wéi soss. Awer mir si frou, datt mir iwwerhaapt kënne spillen. Och eis Vestiairen an Dusche funktionéieren, wouriwwer mir ganz frou sinn.

Anescht gesäit et zu Beefort aus. Hei ass d’Äispiste nach ëmmer zou an dat obwuel d’Saison fir den Äishockeyclub deemnächst ufänkt.

Si spillen elo schonns e puer Matcher auswäerts, éier si iwwerhaapt Äis doheem hunn. Dat heescht, si trainéieren elo schonns heiansdo op der Kockelscheier, well si doheem nach keen Äis hunn. Si fänken d’Saison elo an der Belsch un, ouni iwwerhaapt richtegen Training gehat ze hunn.

Praktesch déi ganz Regioun Mëllerdall identifizéiert sech mam Beeforter Äishockey. Deementspriechend hu si och vill Nowuess an de Jugendekippen. Wann awer keen Äis disponibel ass, riskéiert een dem Alain Schneider no jonk Spiller ze verléieren.

Wann net ka beim Nowuess trainéiert ginn, dann ass et dacks esou, datt Leit verluer ginn. Mir wëssen nach, wou d’Kockelscheier viru Joren fir ee Joer zou war, wou renovéiert gouf. Mir sinn deemools mat eisem Nowuess an Däitschland op Dillingen gaangen. Dat ware grouss Reesen ze maachen an och net sou dacks Training wéi normal. Déi Zäit hu mir och ganz vill Spiller verluer gehat, well d’Elteren dat net wollten op sech huelen, fir esou wäit ze fueren. Ech fäerten, datt dat elo och hei kéint sinn, wann d’Äispiste zu Beefort net kéint opgoen.Och an eisen Nopeschlänner gi wéinst der Energiekris Äispisten zougemaach.

Back to Top
CIM LOGO