No hirem Exploit iwwert d'3.000 Meter"Et war scho mäin Zil, fir en neie Rekord ze realiséieren", sou d'Vera Bertemes

RTL Lëtzebuerg
Um internationale Meeting zu Marseille huet d'Lëtzebuergesch Leeferin hiren eegene Rekord ëm ronn 24 Sekonne verbessert.
© Fernand Schmitz (Archiv)

D’Vera Bertemes ass e Sonndeg um internationale Meeting zu Marseille eng nei Beschtzäit gelaf. An der Finall vun den 3.000 Meter koum si op eng Zäit vun 8:48.84 Minutten, woumat si hir al perséinlech Beschtzäit vu 9:12.27 Minutten ëm 23 Sekonne verbessert, an een neien nationale Rekord opgestallt huet.

“Dass et esou vill drënner ass, hätt ech mir net erdreemt.”, sot Liichtathletin vum Celtic am RTL-Interview.

D'Vera Bertemes iwwert hiren nationale Rekord iwwer 3.000 Meter
Dass si hiren eegene Rekord géing direkt ëm 23 Sekonne verbesseren, hat d’Leeferin vum Celtic sech net erwaart.

An der Final war d’Vera Bertemes awer an engem Tunnel an huet net wierklech iwwer Zäit nogeduecht, déi um Enn géif eraussprangen.

D'Vera Bertemes iwwert d'Finall iwwer 3.000 Meter zu Marseille
Et wier eng vun den éischte Finallen iwwer 3.000 Meter gewiescht, bei deene si net hätt misse vill nodenken.

Et ass schonn exzeptionell, dass esou eng Zäit erausgesprongen ass, well Liichtathletin vum Celtic sech aktuell op Distanz vun den 1.500 Meter konzentréiert.

D'Vera Bertemes huet sech mat hirer Leeschtung zu Marseille selwer iwwerrascht.
Hiren Training wier den Ament awer nach haaptsächlech op d'1.500 an net op d'3.000 Meter ausgeluecht

Mat hirer Leeschtung stoung fir d’Lëtzebuerger Leeferin um Enn déi drëtte Plaz hannert der Celestine Biwot (8:46.04) aus Kenya an der Ethiopierin Yenenesh Shimket (8:47.53).

Meeting de Marseille - 3000m Women Final Results

Back to Top
CIM LOGO