
An der éischter Sonndespartie konnten d’Steeseler Damme sech däitlech géint Wolz duerchsetzen. Net manner däitlech ass och déi zweet Halleffinall bei den Hären ausgaangen. Hei hat d’Etzella wéineg Méi géint Hiefenech - et kënnt also zu der Neioplo vun der Finall vun zejoert tëscht der Amicale an der Etzella.
LINK: Steesel bei den Hären an de Gréngewald bei den Dammen an der Finall
Hiefenech - Etzella 65:107
An der zweeter Halleffinall vun den Häre stounge sech am Gymnase vun der Coque Hiefenech an Ettelbréck géigeniwwer. Den Ofsteiger wollt géint den Titelfavorit d’Sensatioun packen an ass mat engem 10-Punkten-Virsprong an de Match gaangen. D’Etzella sollt sech awer fir Hiefenech als haart Noss erausstellen, well d’Formatioun aus dem Däich de Réckstand séier opgeholl hat an nom éischte Véierel scho mat 31:21 virlouch. Den zweete Véierel goung och un d’Ettelbrécker, dat mat dem Score vu 24:19. Mat dem Resultat vu 55:40 ass d’Auer an der Coque fir d’Hallschecht stoe bliwwen.

Gudekaf, Coleman a Co. hunn och no dem Téi de Fouss net vum Gas geholl a wollte weisen, datt si an d’Coupefinall gehéieren. Am drëtte Véierel war de Score mat 31:15 op en Neits däitlech an et war kloer, datt d’Etzella sech dës Victoire net méi aus den Hänn huele léisst. Dem Hiefenecher Coach Angel Aranda waren géint dës staark Performance vum Titelfavorit vun Ettelbréck d’Hänn gebonnen.
Schliisslech ass de leschte Véierel och fir d’Etzella ausgaangen, dat mat 21:10. Um Enn ass d’Auer beim Score vun 107:65 fir de Favorit aus dem Däich stoe bliwwen, esou datt et zu enger Neioplo vun der Coupefinall vum leschte Joer kënnt.
FOTOGALERIE: Impressioune vum Roland Miny
Wolz - Steesel 72:101
Um Sonndeg stounge sech Wolz a Steesel, wéi schonns zejoert, an der Halleffinall vum LALUX-Ladies-Cup géigeniwwer. Bei der Partie tëscht de Wëltzer an de Steeseler gouf de Géigner fir d’Finall géint de Gréngewald gesicht. Am éischte Véierel hu sech béid Formatiounen näischt geschenkt, ma Steesel konnt dësen awer mat 33:25 fir sech entscheeden. Nach ee Krack méi däitlech goung den zweete Véierel aus. D’Damme vu Steesel konnten dëse mat 23:15 gewannen - Highest Scorer bei der Amicale nom éischten Duerchgang war d’Erica Morrow mat 24 Punkten. Mat dem Resultat vu 56:39 fir Steesel goung et op den Téi.


Och am drëtte Véierel huet d’Amicale net nogelooss a konnt sech mat 22:19 duerchsetzen. Ëmmer nees hunn dem Coach René Keiser seng Dammen ënnert den Impulser vun Skrijelj, Martin a Morrow flott opgespillt an d’Virentscheedung virum leschter Véierel däitlech gemaach. Dëse leschte Véierel konnten d’Steeseler Dammen nämlech och erfollegräich gestallten an hunn de Sangliers vu Wolz mat 23:14 keng Chance gelooss. Um Enn war eng däitlech 101:72-Victoire fir d’Amicale ze notéieren.