HärebasketEtzella wuel favoriséiert, ma den T71 lieft nach

RTL Lëtzebuerg
Bei den Häre gëtt nom Modus Best-of-5 gespillt. E Mëttwoch um 17 Auer ass déi drëtt Finall zu Ettelbréck tëscht der Etzella an dem T71.
© Maya a Robert Straus

Do kann deemno nach keng Decisioun falen. 1:1 steet et no deenen zwee éischte Matcher. Déi Ekipp, déi als éischt 3 Partië fir sech entscheede kann, gëtt Champion. Fir de Frank Müller vun Diddeleng spillt et awer keng Roll, wéi et aktuell steet. Et wier wichteg, dass een doheem gewonnen hätt an 1:1 wier natierlech vill besser, wéi wann een elo schonns mat 0:2 hanne géing leien.

Virschau 3. Finall/Reportage Franky Hippert

Beim T71 ass ee sech awer bewosst, datt een op d’mannst eng Kéier zu Ettelbréck gewanne muss. D’Ettelbrécker sinn nämlech immens staark doheem. Duerch hir staark Saison hu si dann och den Heemvirdeel, esou dass vu méigleche 5 Finallen, der 3 zu Ettelbréck gespillt ginn. Wëll den T71 also eng Chance op den Titel hunn, muss een op d’mannst eemol am Däich gewannen.

An der zweeter Finall e Samschdeg hat de Favorit Etzella zu Diddeleng vläicht net déi néideg Aggressivitéit matbruecht, mengt de Fréderic Gutenkauf. Et hätt een de Schalter méi séier missen ëmleeën, dann hätt een nach eng Chance gehat, fir de Match ze gewannen.

De Kapitän vun deenen Ettelbrécker weess och, datt besonnesch hir Trefferquot vun der Dräierlinn mat just 25 Prozent e Samschdeg net gutt war.

Beim T71 hält sech de Frank Muller mat senge Matspiller un de Motto vu sengem Equipier a Routinier Eric Jeitz. “Mir liewen nach.”

Déi drëtt Finall vum Championnat ass also e Mëttwoch den Owend um 17 Auer zu Ettelbréck an den Däichwisen.

Back to Top
CIM LOGO