Futtball-EMEU-Gesondheetsagence zielt Dausenden nei Fäll duerch EM

RTL Lëtzebuerg
Déi europäesch Gesondheetsagence ECDC huet am Zesummenhang mat der EM scho méi wéi 2.500 Coronavirus-Infektiounen notéiert.

An der drëtter Woch vum Tournoi wieren däitlech méi Infektioune registréiert gi wéi d’Woch virdrun, dat huet d’EU-Agence der Noriichtenagence dpa confirméiert. Schottland wier mat 1.991 Fäll mat Ofstand am meeschte betraff. Déi schottesch Ekipp huet zu Glasgow an zu London am Wembley-Stadion gespillt.

A Groussbritannien breet sech den Ament déi méi ustiechend Delta-Variant staark aus. 436 Fäll goufen donieft aus Finnland gemellt, virun allem nodeems d’Nationalekipp zu Sankt Petersburg gespillt hat an d’Supporter de Virus wuel aus Russland mat bruecht hunn.

Donieft huet d’ECDC och Infektiounen aus Dänemark, Frankräich, Schweden, Kroatien an Holland gemellt kritt. Dobäi ass et net sécher, wou sech déi Betraffen ugestach hunn. Dat kéint souwuel am Stadion oder an de Fan-Zonen, grad wéi op der Rees dohinner an och op engem privaten Treffen am Ëmfeld vun de Matcher geschitt sinn.

D’Entwécklung wier virum Hannergrond vun der Covid-Situatioun net onerwaart, sou d’ECDC. Grouss Manifestatioune mat Mënschemassen wiere weider mat Risiken behaft.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO