Synthetesch Futtball-TerrainenEU-Kommissioun plangt méiglecht Verbuet vum Granulat

Pit Everling
D'DP-Deputéiert Carole Hartmann wollt wëssen, wat dat fir déi -zeg Terrainen zu Lëtzebuerg a fir d'Sportsclibb bedeit.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Mikroplastik op Futtball-Terrainen / Reportage Pit Everling

Mikroplastik soll schiedlech fir d’Ëmwelt sinn. D’EU-Kommissioun schafft den Ament un enger Direktiv, mat där dëse Granulat kéint limitéiert oder souguer vun 2022 u verbuede ginn. An auslännesche Medie gouf rezent drop opmierksam gemaach, datt ganz vill Futtballveräiner mat hire syntheteschen Terraine kéinte concernéiert sinn. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann wollt wëssen, wat dat fir déi -zeg Terrainen zu Lëtzebuerg a fir d’Sportsclibb bedeit. De Sportminister Dan Kersch betount, datt et net drëm géing goen, dës Zort Terraine systematesch ze verbidden.

PDF: Äntwert vum Dan Kersch op d'Question parlementaire vun der Carole Hartmann

Back to Top
CIM LOGO