World Triathlon Championship SeriesEva Daniëls a Jeanne Lehair packen et zu Montreal an d'Finall

RTL Lëtzebuerg
Bei den Hären ass et net esou gutt gelaf. De Bob Haller an de Gregor Payet hunn d'Finall verpasst.
© FLTRI

Dës Woch ass zu Montreal a Kanada eng weider Manche vun der World Triathlon Championship Series. An dësem Kader goufen och d’Weltmeeschterschafte bei de Junioren organiséiert. Opgrond vun de schlechte Waasserkonditioune gouf aus dem Triathlon een Duathlon.

Bei de Juniore gouf et een excellent Resultat duerch den David Lang. Hien ass no 2,5 km Lafen, 20 km Vëlofueren a 5 km Lafen dee 6. ginn. Dat ass dat bescht Resultat, wat engem Lëtzebuerger bei enger Junior-WM jee gelongen ass. Den Aurélien Carré ass den 22. ginn. Hei fannt Dir d’Resultater.

Bei de Juniorinnen ass d’Mara Krombach op déi gutt 17. Plaz komm. Si gouf op den ofschléissende 5 Kilometer Lafe vu Krämp geplot an huet doduerch eng besser Placéierung verpasst. D’Gwen Nothum huet sech als 39. klasséiert. Hei fannt Dir d’Resultater.

© FLTRI

Bei der Course vun der Elite, déi zur World Triathlon Series zielt, war Lëtzebuerg dann och bei den Dammen an den Häre vertrueden. Och hei konnt net geschwomme ginn, sou datt 1 km Lafen, 7 km Vëlofueren an 2 km Lafen um Programm stoungen.

Bei den Dammen hunn d’Jeanne Lehair, déi am Moment nach ënner neutralem Fändel start an da vun November u fir Lëtzebuerg un de Start geet, an d’Eva Daniëls eng staark Leeschtung gewisen. Si hu sech an hirer Serie als 4. respektiv 6 klasséiert an hu sech domadder fir d’Finall (300m/7km/2km) qualifizéiert. Hei gëtt de Weekend nees geschwommen, well d’Qualitéit vum Waasser sech verbessert huet. Hei fannt Dir d’Resultater.

D’Lëtzebuerger Häre Bob Haller a Gregor Payet ware manner erfollegräich. Si hunn et net gepackt, fir sech fir d’Finall ze qualifizéieren. Hei fannt Dir d’Resultater.

Back to Top
CIM LOGO