Reglementatioun vun ausgeléinte SpillerF91, Jeunesse an Hueschtert hunn "Nee" gestëmmt

RTL Lëtzebuerg
3 Veräiner aus der ieweschter Lëtzebuerger Futtball-Divisioun ware géint déi nei Reglementatioun vun ausgeléinte Spiller.
© FLF.lu

Dëst sinn den F91 Diddeleng, d’Jeunesse Esch an Hueschtert. Viru kuerzem hat d’Lëtzebuerger Futtball-Federatioun jo an engem Referendum d’Veräiner ëm hir Meenung beim Ausléine vu Spiller gefrot.

Mat 593 zu 115 Stëmme gouf fir d’Reglementatioun gestëmmt, datt ee Veräin an Zukunft just nach 4 Spiller an der selwechter Divisioun ausléinen dierf a maximal 2 un dee selwechte Veräin.

E Mëttwoch gouf dëse Vott public gemaach an do waren deemno 3 vun de 14 Clibb aus der ieweschter Spillklass dogéint.

Back to Top
CIM LOGO