FLFF91-President freet sech, ob Referendum konform mat Statuten ass

RTL Lëtzebuerg
An engem Referendum, dee vun der FLF bei de Veräiner organiséiert gouf, koum eraus, datt d'Ausléine vu Spiller misst reforméiert ginn.

82 Prozent vun de Veräiner sinn dofir, dass den Transfersystem am Lëtzebuerger Futtball soll reforméiert ginn. Dat ass dat kloert Resultat wat aus dem Referendum, deen d’Futtball-Federatioun organiséiert hat, ervir gaangen ass. Virun allem wier och den F91 vun deem neien Transfertsystem betraff. Dëst Joer hunn déi Diddelenger zum Beispill net manner wéi 6 Spiller un d’Jeunesse ausgeléint. De President vum aktuelle Champion, Romain Schumacher stellt sech Froen, ob de Referendum iwwerhaapt konform zu de Statute vun der FLF war. Beispillsweis hätte Veräiner aus der 2. Divisioun an den Informatiounsversammlunge eppes anescht gesot kritt, wéi dat wat um Enn am Referendum stoung. De Romain Schumacher freet sech och, wisou dat elo huet missen Hals iwwer Kapp decidéiert ginn.

Extrait Romain Schumacher

De Romain Schumacher huet am Interview och nach vun engem anti F91-Referendum geschwat.

Nei Reglementatioun beim Ausléine vu Spiller

Reaktioun Paul Philipp

Vum 25. Mee un dierf nëmmen nach all Veräin aus enger Divisioun 4 Spiller un e Club aus der selwechter Divisioun ausléinen, dovunner awer maximal 2 Spiller un de selwechte Veräin. Temporär Transferten a méi héich oder méi niddreg Divisioune bleiwen weider onbegrenzt méiglech.

Dat gëllt fir déi zwou Transferperiode, Summer a Wanter, an enger Saison. Dat huet e Referendum erginn, deen d’FLF de Veräiner gestallt huet. Domat soll an Zukunft garantéiert ginn, dass méi Fairness an den Championnater garantéiert gëtt. An Zukunft dierfen dann och ausgeléinte Spiller mat hirem neie Veräin géint den Ex-Club spillen. An der Vergaangenheet gouf de Spiller dat reegelméisseg verbueden. An Zukunft ass et dann och net méi erlaabt, dass de Veräin, deen ee Spiller ausgeléint huet, weiderhin d’Pai oder een Deel dovunner weider bezilt.

Vun de 725 Votten, déi déi 113 Veräiner an der FLF hunn, waren 82,13 Prozent (593 Stëmmen) fir dës Ännerung an 15,93 Prozent (115 Stëmmen) dogéint. 14 Stëmmen dogéint hu sech enthalen.

PDF: Den Detail vum Referendum

Back to Top
CIM LOGO