
Augsburg - Union Berlin 2:0
7 Punkten hu béid Ekippe virum Match getrennt, mat Augsburg op Plaz 7 an Union Berlin op Plaz 13. An den éischte 45 Minutte si keng Goler gefall. Augsburg hat méi Ballbesëtz, ma d’Unioun huet méi dacks op de géigneresche Gol geschoss, allerdéngs ouni Succès.

An der 2. Hallschent ass Augsburg méi staark aus de Kabinne komm a konnt sech an der 47. Minutt duerch e Gol vum Philipp Tietz belounen, dat duerch frëndlech Ënnerstëtzung vum Berliner Diogo Leite.

An der 82. Minutt huet de Sven Michel den 2:0 fir Augsburg geschoss. An enger éischter Phas war op Abseits decidéiert ginn, ma de VAR huet sech et nach emol méi genee ugekuckt an de Gol gëlle gelooss.
Mat deem Resultat ass de Match dann och ofgepaff ginn.
FC Metz - RC Lens 2:1
Den FC Metz brauch dréngend Punkten am Kampf géint den Ofstig, iwwerdeems Lens ëm d’europäesch Plaze kämpft. Deemno hat bei dësem Match all Ekipp déi 3 Punkten als kloert Zil. De bessere Start an de Match huet Lens gehat, well schonn an der 13. Minutt si se duerch de Sotoca mat 1:0 a Féierung gaangen, dëst op Eelefmeter. An der 34. Minutt konnt de Mikautadze fir Metz ausgläichen an an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent war et souguer den 2:1 fir Metz, nees duerch de Mikautadze.
An der zweeter Hallschent hat Lens vill méi Ballbesëtz, ma wierklech kadréiert Golchancë konnt ee sech net erausspillen. Keen eenzege Schoss op de Metzer Gol ass hinne gelongen, dofir awer 8 nieft de Gol.
Metz konnt deemno den 2:1 iwwert d’Zäit retten, wouduerch si Chancë behalen, an der Ligue 1 ze bleiwen.