Europa LeagueFC Sevilla steet als 1. Ekipp an der Aachtelsfinall

RTL Lëtzebuerg
D'Ekipp aus Andalusien konnt sech e Mëttwoch den Owend mat 2:0 géint Lazio Roum behaapten a steet domat an der Aachtelsfinall vun der Europa League.
© AFP

Och schonns den Allersmatch hat den FC Sevilla mat gewonnen, dat mat 1:0. Am Retourmatch huet den Tabellevéierten aus Spuenien an der 20. Minutt den 1:0 markéiert. De Ben Yedder huet no engem flotte Solo de Ball opgeluecht fir de Sarabia. Deen huet aus knapp 17 Meter op de Gol geschoss an do konnt de Strakosha am Gol vu Lazio Roum de Ball net festhalen an de Ben Yedder stoung genau richteg, fir de Ball an den eidele Gol ze schéissen. An der zweeter Hallschent gouf et dunn nach rout Kaarten op béide Säiten. An der 60. Minutt huet de Vazquez mat Giel-Rout den Terrain misse verloossen an an der 71. Minutt war et fir Lazio de Marusic, dee glat Rout krut. An der 78. Minutt huet de Sarabia dunn den 2:0 markéiert, dat op Virlag vum Jesus Navas.

D’Ekipp aus der italienescher Haaptstad sollt sech vun dësem zweete Géigegol net méi erhuelen an ass domat eliminéiert. D’lescht Joer hate si eréischt an der Véierelsfinall no zwee turbulente Matcher géint Salzburg missen d’Heemrees untrieden.

LINK: Alleguerten d’Resultater aus der Europa League am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO